ÄishockeyTornado qualifizéiert sech fir de Final Four mat enger 5-2 Victoire zu Anglet

RTL Lëtzebuerg
Fir déi éischte Kéier an der Geschicht vum Club hunn d'Spiller ronderëm de Christer Eriksson et fäerdegbruecht, sech fir de Final Four ze qualifizéieren.

Nodeems d’Lëtzebuerger sech déi Woch virdru schonn doheem konnten e 4-Goler-Virsprong erausspillen (6-2), hu si och zu Anglet gewisen, dass si et eescht mengen. Si hunn op der Atlantikküst nach eng Kéier, éischter onerwaart, mat 5-2 d’Iwwerhand behalen.

Duerch zwee Goler vum Adrien Maurer, zwee vum Colm Cannon an engem vun Anthony Vincens huet sech den Tornado Lëtzebuerg eng verdéngte 5-2 Victoire geholl a sech esou souverän fir de Carré Final qualifizéiert, deen den nächste Weekend zu Dijon iwwert d’Bün geet.

Hei kritt den Tornado et mat Châlons, Dijon a Wasquehal ze dinn.

Sollten d’Lëtzebuerger et fäerdegbréngen, ënner déi dräi Éischt an dësem Final Four ze kommen, hu si et déi éischte Kéier iwwerhaapt an der Geschicht vum Club fäerdegbruecht, an déi zweet Divisioun opzesteigen.

Back to Top
CIM LOGO