
Tornado gewënnt um zweetleschte Spilldag vun der regulärer Saison mat 8:4 géint den Tabelleleschten Dijon a bleift domadder op der fënnefter Tabelleplaz.
Den nächsten Samschdeg empfänken d’Lëtzebuerger den aachten an der Tabell Rouen, éier et den 1. Mäerz och op der Kockelscheier mat den Playoffs weider geet.
Ronn 850 Spectateuren haten et e Samschdeg an d’Kockelscheier gepackt, fir hir Ekippen unzefeieren.