
Wolfsburg- Augsburg 0:0
Béid Ekippen hunn an der 1. Hallschent de Wee no fir gesicht, och wann Wolfsburg méi vum Spill hat a virun allem iwwer baussen ëmmer erëm geféierlech virun de Gol vun de Gäscht komm ass. Augsburg huet sech op Konter konzentréiert. Och an deenen zweete 45 Minutten hunn d’Spectateuren een änlecht Bild gesinn. Wolfsburg krut et awer net hin déi Augsburger Mauer ze briechen, sou dass dëse Match mat 0:0 op en Enn gaangen ass.
Bayern München - Hertha BSC Berlin 4:3
1:0, 2:0, 3:2, 4:3 Lewandowski (40', 51', 85', 90+3'), 2:1 Cordoba (59'), 2:2 Cunha (71'), 3:3 Ngankam (88')
An der Paus stoung et 1:0 fir Bayern. Nom Téi sollt et dunn awer ellen ewech goen. Fir d’éischt huet de Lewandowski säin zweete Gol an der 51 Minutt geschoss, éier de Cordoba an de Cunha fir den Ausgläich fir d’Gäscht geschoss hunn. Dono war et een oppene Match, bei deem béid Ekippe gutt Chancen haten. Bayern louch erëm duerch de Lewandowski a Féierung, Hertha huet ausgeglach, mä een Eelefmeter an der Nospillzäit sollt d’Entscheedung an dësem Match bruecht.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Leicester City - West Ham United 0:3
0:1 Antonio (14'), 0:2 Fornals (34'), 0:3 Bowen (83')
D’Lokalekipp huet um 4. Spilldag doheem déi 1. Néierlag missen astiechen, an dat duerchaus iwwerraschend, ass een als Favorit an de Match gaangen. Trotz nëmmen 30 % Ballbesëtz hat West Ham de ganze Match awer iwwer déi besser Chancen a gewënnt net onverdéngt géint Leicester City mat 3:0.
Arsenal - Sheffield United 2:1
1:0 Saka (61'), 2:0 Pepe (64'), 2:1 McGoldrick (83')
Arsenal huet sech laang schwéier gedoe géint Sheffield United. Zemools offensiv huet et un der néideger Kreativitéit gefeelt, dat awer och well Sheffield sech hannendra gestallt huet. An der 61. Minutt ass de Knuet dunn geplatzt, dat duerch de Saka. 3 Minutte méi spéit sollt de Pepé mam 2:0 fir d’Entscheedung suergen. De McGoldrick huet wuel nach fir Sheffield den 1. Gol vun der Saison geschoss, mä um Resultat sollt sech näischt méi änneren.
Manchester United - Tottenham 1:6
1:0 Fernandes (2'), 1:1 Ndombele (4'), 1:2 Son (7'), 1:3 Kane (31'), 1:4 Son (37'), 1:5 Aurier (51'), 1:6 Kane (79')
Schock fir Tottenham no net mol 2 Minutten. De Fernandes huet e berechtegen Eelefmeter an de Gol geschoss a fir déi fréi Féierung fir Manchester gesuergt. Dono ass de Momentum fir Tottenham komm. No Goler vu Ndombelé a Son stoung et no 7 Minutten 2:1 fir d’Gäscht. Nodeems de Martial an der 28. Minutt och nach déi Rout Kaart gesinn huet, an de Kane sou wéi de Son weider Goler geschoss huet, ass et mat 4:1 fir Spurs an d’Paus gaangen. Och an der 2. Hallschent hat d’Lokalekipp der Ekipp vu Tottenham näischt entgéint ze setzen an esou gewanne Spurs mat 6:1 zu Manchester.
Aston Villa - Liverpool 7:2
1:0 Watkins (4'), 2:0 Watkins (22'), 2:1 Salah (33'), 3:1 McGinn (35'), 4:1 Watkins (39'), 5:1 Barkley (55'), 5:2 Salah (60'), 6:2 Grealish (66'), 7:2 Grealish (75')
E Score seet vill aus, ma bäi wäitem net alles. Liverpool war wuel um Pabeier déi dominant Ekipp, hat mat iwwer 72 Prozent Ballbesëtz och däitlech méi vum Match, ma et war Aston Villa, déi aus de puer Chancen, déi se haten, den ultimative Maximum erausgeholl hunn, 50 Prozent vun hiren Ofschlëss sinn nämlech am Gol gelant. An der éischter Hallschent war et de Watkins, deen direkt 3 Mol getraff huet. Dat zum 1:0 (4') 2:0 (22') a 4:1 (39'). De Salah hat no 33 Minutten op 2:1 verkierzt an de McGinn hat de 3:1 2 Minutte méi spéit markéiert. No der Paus sollt et nach méi schlëmm fir Liverpool kommen, well de Barkley huet no 55 Minutten op 5:1 erhéicht. Nees war et de Salah, deen fir Liverpool markéiert huet, ma dat war net vill méi wéi just Kosmetik. Et war zum Schluss de Grealish, den an der 66. an an der 75. Minutt nach fir Aston Villa konnt treffen an domadder u 5 vun de 7 Goler vun senger Ekipp direkt bedeelegt war. Et ass déi éischt Néierlag fir Liverpool no 4 Matcher, Aston Villa konnt bis ewell 3 vun hiren 3 Matcher gewannen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Lazio Roum - Inter Mailand 1:1
0:1 Martinez (30'), 1:1 Milinkovic-Savic (55')
E ganz spannende Match dee béid Ekippe gebueden hunn. Souwuel Lazio wéi och Inter hätten dëse Match kéinte gewannen. An der Schlussphase krut den Immobile fir Lazio an de Sensi fir Inter jeeweils eng rout Kaart. Alles an allem e Leeschtungs gerechten 1:1.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Metz - Lorient 3:1
0:1 Hamel (36'), 1:1 Niane (43'), 2:1 Niane (59'), 3:1 Niane (64')
De Laurent Jans souz vun Ufank un op der Bänk vu Metz an ass och wärend deenen 90 Minutten net zum Asaz komm. De Resumé vum ganze Match fannt dir bei de Kolleege vu 5 Minutes.

Racing Stroossbuerg - Lille 0:3
0:1 Celik (21'), 0:2 Sanches (54'), 0:3 Yilmaz (68')
LINK Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Levante - Real Madrid 0:2
0:1 Junior Vincius (16'), 0:2 Benzema (90+5')
