Internationale FuttballTottenham ziddert sech an déi nächst Ronn, ManUnited eliminéiert Arsenal

RTL Lëtzebuerg
An der drëtter Ronn vum FA Cup konnt d'Ekipp aus der Premier League géint de Fënneftligist réischt an der Verlängerung fir d'Decisioun suergen.
© AFP

Am internationale Futtball war e Sonndeg ënnert anerem d’Suite vum engleschen FA Cup. Hei gouf et fir Tottenham eng 3:0-Victoire géint den FC Tamworth aus der fënnefthéchster Spillklass, woubäi et no 90 Minutten nach 0:0 stoung an et an d’Verlängerung gaange war. Méi spéit konnt sech dann nach Manchester United am Eelefmeterschéisse géint Arsenal behaapten.

An Däitschland war et dogéint d’Suite vum 16. Spilldag wou sech Leipzig virun den eegene Spectateure mat 4:2 géint Bremen duerchsetze konnt.

FA Cup (England)

Tamworth - Tottenham 0:3
0:1 Tshikuna (101'), 0:2 Kulusevski (107'), 0:3 Johnson (118')

Zu Tamworth ass et an der drëtter Ronn vum FA Cup bal zu enger grousser Iwwerraschung komm. De Veräin aus der National League, der fënnefter Liga an England, konnt den 0:0 bis géint de grousse Géigner Tottenham iwwer 90 Minutte verdeedegen, wou et dann an d’Verlängerung gaangen ass. Ee Selbstgol huet de Spurs dann d’Erléisung bruecht, déi sech um Enn dann no zwee weidere Goler mat 3:0 den Ticket fir déi nächst Ronn séchere konnten.

Newcastle - Bromley 3:1
0:1 Congreve (8'), 1:1 Miley (16'), 2:1 Gordon (49'), 3:1 Osula (61')

Arsenal - Manchester United 1:1 (3:5 n.E.)
0:1 Fernandes (52'), 1:1 Gabriel (63')

Fir Arsenal ass déi éischt Titelchance vun der Saison no enger Defaite am Eelefmeterschéisse géint Manchester United eriwwer. Déi éischt 45 Minutte vum Match haten d’Gunners méi vum Match, sinn dobäi awer net richteg geféierlech ginn. Kuerz nom Säitewiessel huet de Gaascht aus Manchester da profitéiert an duerch ee Gol vum Bruno Fernandes d’Féierung iwwerholl. Arsenal konnt doropshin awer direkt äntweren an am Numm vum Gabriel ausgläichen.

Am grousse Ganze war Arsenal déi besser Ekipp, ma eng Decisioun sollt och an der Verlängerung net falen. Et ass an d’Eelefmeterschéisse gaangen, wou eenzeg de Kai Havertz net treffe konnt an domat United an déi nächst Ronn geschéckt huet.

Bundesliga

Leipzig - Bremen 4:2
1:0 Xavi (24'), 1:1 Weiser (26'), 2:1 Xavi (35'), 3:1 Sesko (47'), 4:1 Baumgartner (90'), 4:2 Burke (90+3')

Leipzig bleift duerch eng 4:2-Victoire géint Bremen weider ënnert den Top-4 an der Bundesliga. Zwee Goler vum Xavi Simons, dee sech zeréck vu senger Blessure gemellt huet, hu Leipzig mat enger Féierung an d’Paus geschéckt. De Mitchell Weiser konnt kuerz nom 1:0 tëschenzäitlech op 1:1 ausgläichen. Nom Säitewiessel huet een onhaltbare Schoss vum Benjamin Sesko aus ronn 25 Meter fir den 3:1 gesuergt. Bis zum Schluss konnt Bremen dorop keng richteg Reaktioun weisen a muss sech trotz engem spéide Gol an der Nospillzäit um Enn geschloe ginn.

Augsburg - Stuttgart 0:1
0:1 Undav (65')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Serie A

Venedeg - Inter Mailand 0:1
0:1 Darmian (16')

Bologna - AS Roum 2:2
0:1 Saelemaekers (58'), 1:1 Dallinga (61'), 2:1 Ferguson (65'), 2:2 Dovbyk (90+8')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Le Havre - Lens 1:2

1:0 Ayew (8'), 1:1 Koyalipou (28'), 1:2 Machado (77')

Toulouse - Stroossbuerg 1:2
0:1 Emegha (14'), 0:2 Emegha (26'), 1:2 Doukouré (35')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Las Palmas - Getafe 1:2
0:1 da Costa (70'), 0:2 Mayoral (86'), 1:2 Januzaj (88')

Atlético Madrid - Osasuna 1:0

1:0 Alvarez (55')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO