Swift Hesper an F91 DiddelengTrainer- a Spiller-Karussell kéint uerdentlech dréinen

Franky Hippert
Wéi geet et am nationale Futtball d'nächst Saison zu Hesper weider? Zenter leschter Woch ass jo gewosst, datt de Swift nees an der BGL Ligue wäert spillen.

An de leschten Deeg lafe relativ vill Rumeure ronderëm den neie Club vum Mäzen Flavio Becca. D’Fro, déi sech virun allem stellt, ass, sëtzt den Dan Theis d’nächst Saison um Holleschbierg nach op der Trainerbänk.

Swift Hesper an F91 Diddeleng/Reportage Franky Hippert

Eis géigeniwwer sot den Theis, datt hien nach e Kontrakt vun engem Joer zu Hesper huet. Et ass awer och ze héieren, datt de Fola-Trainer Jeff Strasser bei engem Veräin vum Becca gehandelt gëtt, ma virun allem de fréieren Trainer vum F91 Diddeleng, Dino Toppmöller schéngt och nees gutt Kaarte beim Flavio Becca ze hunn.

Dann ass ze héieren, datt dann den Dan Theis oder de Marc Thomé vu Rouspert bei den F91 kéinte wiesselen. Dem Bertrand Crasson seng Deeg op der Trainerbänk zu Diddeleng schéngen am Moment do gezielt. Am Fall, wou de Strasser op der Fola géif fortgoen, hien ass fin contrat an zu Esch wësse se, datt hiren Trainer och fir aner Leit a Clibb interessant ass, géif de Carlos Fangueiro, fréiere Coach bei Titus Péiteng net ausgeschloss ginn. Am Moment hofft ee bei deene Rout-Wäissen awer, datt de Strasser um Gaalgebierg verlängert.

En Numm, deen een an de leschten Deeg och ëmmer nees an de Lëtzebuerger Futtball-Kreesser zirkuléiert, ass dee vum Felice Mazzu. De Belsch, deen nach zejoert mat Genk Champions League gespillt huet, hätt seng Antennen och hei am Land ausgestreckt.

Wat lo d’Spiller uginn, ass ze héieren, datt ee sech vun enger Rei Leit zu Hesper trennt. Nei beim Swift dobäi kéint dann awer den Tom Schnell vun Diddeleng kommen. Den David Turpel kéint vum anere Becca-Club Virton op Hesper transferéiert ginn. Den Emmanuel Françoise vum Progrès Nidderkuer kéint seng Zelter och um Holleschbierg opschloen. Wat mam fréieren Nationalgolkipp a Golkipp vum F91, Jonathan Joubert, geschitt, ass nach net gewosst.

Wéi et mat der Ënnerstëtzung vum Mäzen Flavio Becca zu Diddeleng weidergeet, ass och nach net ganz kloer. Sécher ass, wann d’Uefa bis den Ok gëtt an d’FLF de Championnat an der ieweschter Divisioun definitiv ka stoppen, datt dann den F91, no 2 Joer hannerteneen an der Gruppephase vun der Europa League, d’nächst Saison keng Coupe d’Europe spillt.

Back to Top
CIM LOGO