
Am nationalen Damme-Basket ass d’Saison fir d’Amicale Steesel eriwwer. Déi Steeseler Damme goufen an den Halleffinalle vum Championnat vum Gréngewald eliminéiert.
Nom Match vun e Samschdeg ass et um Méindeg d’Nouvelle, dass bei der Amicale Steesel den Trainer René Keiser an och d’Spillerin Liz Schmitz ophalen.