Scho fir d'zweetTrainer Zinédine Zidane verléisst Real Madrid

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Mëtteg koum d'Nouvelle, datt de Zinédine Zidane d'nächst Saison net méi op der Trainerbänk bei de Kinnekleche wäert sëtzen.
© AFP

Tëscht Januar 2016 a Mee 2018 war de Zidane eng éischte Kéier Trainer zu Madrid, deemools konnt hie mam Real dräimol hannerteneen d’Champions League gewannen an eemol de spuenesche Championnat. Dono hat hie säi Posten opginn,
ass am Mäerz 2019 awer iwwerraschend zeréckkomm a konnt 2020 e weider Championstitel feieren. Dës Saison ass et esou just net duergaangen, fir den Titel ze gewannen. Dee goung un Atlético Madrid.

Wéini a wéi et fir de Zidane weidergeet, ass nach net gewosst, ma Juventus Turin soll intresséiert um Fransous sinn. Als Spiller war hien iwwregens och bei béide Veräiner engagéiert.

Back to Top
CIM LOGO