Premier LeagueTransfertperiod elo festgeluecht

RTL Lëtzebuerg
Déi wäert iwwert 10 Woche verlafen, vum 27. Juli bis de 5. Oktober.

D’Veräiner vun der Premier League si sech en Dënschdeg eens ginn an hunn d’Period festgeluecht, an där Transferten däerfe gemaach ginn. Et feelt just nach eng Ënnerschrëft vun der Fifa, dann ass et offiziell. D’Transfertperiod wäert den Dag nom leschte Premier-League-Spilldag ufänken, de 27. Juli an de 5. Oktober fäerdeg sinn.

Dozou huet d’Premier League annoncéiert, dass no Diskussioune mat der English Football League (EFL) decidéiert gouf, dass national Transferten nach weider bis de 16. Oktober géingen erlaabt ginn.

Back to Top
CIM LOGO