
Donneschdeg
Kordall Steelers (+10) – Sparta Bartreng 81 – 90
Et hat just emol 72 Sekonne gedauert, du hat d’Sparta den 10 Punkte Bonus vun de Gäscht schonn ausgeglach. Esou goung et awer net weider. De Max Schmit, gutt ënnerstëtzt vun hiren zwee Profien, huet sech gewiert. Nom 1. Véierel ware si 27 – 19 vir an d’Sparta wosst, datt et, trotz guddem Ufank, kee Spadséiergank géif ginn. Kuerz virun der Paus hu Millin, Verbeelen a Logelin awer fir en 48 – 39 Avantage vun de Bartrenger gesuergt.
De Kordall huet net opginn, konnt awer um Enn eng 90 – 81-Bartrenger-Victoire net verhënneren. Beschte Marqueur bei de Gäscht war de Yannick Verbeelen mat 28 Punkten. Bei Zolwer kënnt den Tylandrius Parks op 26 Punkten.
AS Zolwer (+10) - Arantia Fiels 72 - 87
Och e Startkapital vun 10 Punkten hat Zolwer. Dorop hu si sech den 1. Véierel gestäipt. Duerno war et awer eriwwer. D’Fiels huet mat engem 23 – 8 am 2. Véierel fir kloer Verhältnisser gesuergt. Mat 49 – 39 fir d’Arantia goung et an d’Paus. Do war de Match schonn entscheet, an d’Fiels, erëm komplett, konnt elo hir Ersatzspiller erabréngen. An awer ass hir Avance am 3. Véierel op 16 Punkten geklommen. Um Enn stoung et 87 – 72 fir de Favorit. Bescht Marqueuren bei der Arantia waren déi zwee Profien White a Gaddy mat 28 respektiv 19 Punkten. Bei Zolwer hu Sand (23) an Cirikovic (18) erausgestach.
Mëttwoch
T71 Diddeleng – Etzella 71:84
D’Etzella huet sech direkt am 1. Véierel en Avantage vun 8 Punkten erausgespillt. (27-19). Dee konnte si bis an d’Paus op 11 Punkten ausbauen. Si bloufen déi dominant Ekipp a waren eigentlech ni a Gefor. Mat 84 -71 sinn Diddeleng eliminéiert. Dreiwend Kräfte ware bei der Etzella den Taylor mat 37 Punkten an den Wilson mat 24 Punkten. Bei Diddeleng waren et de Colbert mat 23 an de Christopher Jack mat 15.
Konter - Basket Esch 92:68
Géint de Basket Esch konnt Konter just ee Véierel mathalen. An der Paus war d’Lokalekipp schonn 12 Punkten hannen. Am 3. Véierel ass Konter komplett agebrach. Mat 27 – 9 goung deen un d’Gäscht. Domat war d’Mass gelies. Esch qualifizéiert sech mat engem 92 – 68 fir d’Véierelsfinallen.
Racing (+10) – Mamer 98 – 94
De Racing aus der Nationale 2 ass mat engem Bonus vun 10 Punkten an de Match gaangen. Déi Avance hunn si am 1. Véierel bis op 38 – 17 ausgebaut. Mamer huet reagéiert. Bei 55 - 44 goufen d’Säite gewiesselt. Ënnert dem Impuls vum Antonio Bivins konnt de Racing awer a Féierung bleiwen. Wéi déi Stater 3 Minutte virum Enn 87 – 78 vir waren, war eng Iwwerraschung scho virauszegesinn. Et gouf awer nach eng Kéier extrem spannend. 19 Sekonne viru Schluss war Mamer bis op 92 - 94 erukomm. Bivins a Soragna hunn awer vun der Fräiworflinn fir eng verdéngte Victoire gesuergt.
Gréngewald (+10) – Musel Pikes 80 - 113
De Gréngewald hat de Musel Pikes näischt entgéint ze setzen. Do huet och de Bonus vu 10 Punkten näischt genotzt. Mat 113 – 80 gewannen déi Miseler. Bescht Marqueure bei hinne waren den Tom Welter (21), de Sam Streef an de Raphael Martin mat jeeweils 17 Punkten.
Donneschdeg
Résidence Walfer (+10) – Les Sangliers Wooltz 57 – 81
D’Gäscht vu Wolz waren eng Nummer ze grouss fir d’Résidence Meedercher. Obschonn d’Lokalekipp mat engem Bonus vun 10 Punkten an dës Partie gestart ass, stoung et nom 1. Véierel schonn 31 – 17 fir Wolz. Déi aner dräi Véierele ware méi ausgeglach. Dat och, well bei de Gäscht jidderee Spillzäit krut. All néng Spillerinne vun de Gäscht hunn dann och markéiert.
Black Star Miersch – Black Frogs Schieren 52 - 43
Zu Miersch hunn d’Spectateuren zwee ënnerschiddlech éischt Véierel gesinn. Deen éischte Véierel goung mat 18 – 7 un d’Lokalekipp. Deen zweeten hunn d’Gäscht mat 23 – 7 dominéiert. Esou stoung et an der Paus 25 – 30. Mam Score vu 40 – 40 goung et an dee leschte Véierel. Do hat Miersch awer déi besser Reussite.Schieren huet just nach 3 Punkte geschoss. Miersch setzt sech um Enn 52 – 43 duerch.
Mëttwoch
T71 Diddeleng – Basket Esch 89 – 48
Diddeleng huet de Géigner vun Esch vun Ufank un dominéiert. Ouni Tatsiana Likhtaovich hunn d’Gäscht den 3. Véierel mat 12 – 32 verluer. Um Enn gouf et eng däitlech 89 – 48 Victoire fir de Favorit vun Diddeleng.
Berbourg (+10) – Konter 49 – 90
BC Mess – Sparta Bartreng 38 – 95