Drëtt Hallschent, de Sport-TalkTrotz dem Numm: Franky Hippert vum HBD net Famill mam Franky Hippert vun RTL

Franky Hippert
Dës Woch ass den Handballspiller Franky Hippert Invité bei eisem Franky Hippert am Podcast "Drëtt Hallschent, de Sporttalk".
De Franky Hippert aus der RTL-Sportredaktioun (lénks) mam Franky Hippert vum HB Diddeleng (riets).
De Franky Hippert aus der RTL-Sportredaktioun (lénks) mam Franky Hippert vum HB Diddeleng (riets).
© Franky Hippert

Den 29 Joer ale Spiller vum HBD war bis elo seng ganz Karriär zu Diddeleng. An der Coupe d’Europe ass d’Ekipp aus der Forge du Sud dës Saison op eng extrem onglécklech Aart a Weis an Italien géint Sassari eliminéiert ginn.

Beim HB Diddeleng setzt een zanter enger Zäit nach méi op déi eege Jugend. Als Routinier encadréiert de Franky Hippert, deen seng ganz Lycéeszäit am Sportlycée war, seng jonk Matspiller.

Den Handballspiller, deen net Famill mat eisem Franky Hippert bei RTL ass, huet eis och verroden, wéi déi professionell Preparatioun beim HB Diddeleng ënnert dem Trainer Martin Hummel ausgesäit. All Aspekt ass dobäi wichteg: vum Schlof, iwwert d‘Iessen an d‘Drénken, sou wéi och Detailer bei der Matchpreparatioun an der Recuperatioun.

Zanter e puer Méint spiert een, datt beim Diddelenger Traditiounsveräin en neie Wand bléist, deen dozou bäi soll droen, datt ëmmer méi Jonker de Wee bei den Handball fannen - esou wéi dat an der Zäit beim Franky Hippert, dee berufflech Polizist ass, de Fall war.

Dës Woch ass den Handballspiller Franky Hippert Invité bei eisem Franky Hippert am Podcast “Drëtt Hallschent, de Sporttalk”.

Déi ganz Episod vum Podcast “Drëtt Hallschent” fannt Dir wéi gewinnt op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO