
“Ech sinn homosexuell a wëll mech net länger verstoppen”, dat seet den tschechesche Futtballnationalspiller Jakub Jankto an engem Video, dat e Méindeg op Twitter publizéiert gouf. Hie géing seng Aarbecht seriö, professionell an engagéiert maachen, sot de Mëttelfeldspiller, deen aktuell vum FC Getafe u Sparta Prag ausgeléint ass. De 27 Joer alen Tschech seet och, hie wéilt säi Liewen a Fridden, ouni Angscht, Virurteeler a Gewalt mee mat Léift liewe wéilt. Sparta Prag deelt an engem Communiqué mat, datt d’Féierung vum Veräin, den Trainer an d’Spiller scho länger vum Jankto senger sexueller Orientéierung wéissten an hien ënnerstëtze géifen. Viru senge Statioune bei Sparta Prag an dem FC Getafe huet de Jankto fir Udinese Calcio a Sampdoria Genua an der italieenescher Serie A gespillt. Fir déi tschechesch Nationalekipp huet hie bis elo 45 Matcher gespillt a war bei der EM 2021 derbäi. Bis ewell hu sech nach net vill aktiv Futtballer geout. De Jankto ass beispillsweis deen eenzege Spiller, deen an enger éischter Liga an Europa spillt a sech zu senger Homosexualitéit bekennt.