Lëtzebuerger Futtballer am AuslandTurpel, Malget a Moris wanne mat Virton géint Westerlo

RTL Lëtzebuerg
De Weekend iwwer waren nees eng Partie Lëtzebuerger Futtballer am Ausland am Asaz.
© pressphoto Archiv

Sonndeg

An der MLS an den USA huet New York City mam Maxime Chanot auswäerts mat 3:1 géint d’Vancouver Whitecaps gewonnen. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung an der Startformatioun an huet de Match duerchgespillt.

An der 3. Bundesliga stoung de Maurice Deville beim 1:1 tëscht Kaiserslautern a Waldhof Mannheim 90 Minutte laang um Terrain.

An der Belsch huet Virton e Sonndeg mat 1:0 géint Westerlo gewonnen. De Clément Couturier huet fir d’ekipp vum Trainer Dino Toppmöller entscheedend getraff. Aus Lëtzebuerger Siicht stoungen den Dave Turpel, de Kevin Malget an den Anthony Moris um Terrain.

De Lars Gerson konnt sech dann e Sonndeg och iwwert eng Victoire freeën. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung bei der 2:0-Victoire vun Norrköping géint Hammarby 90 Minutte laang um Terrain.

De Gerson Rodrigues huet e Sonndeg dann och mat senger Ekipp Dynamo Kiev gespillt. Beim 2:2 géint Luhansk huet de Lëtzebuerger Nationalspiller den 1:0 geschoss. Hien huet duerchgespillt.

Samschdeg

De Leandro Barreiro war e Samschdeg dann net am Asaz an der Bundesliga, mä an der Regionalliga Südwest mat der 2. Ekipp vu Mainz an do gouf et eng 0:2-Néierlag géint Saarbrécken. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet 90 Minutte laang gespillt. De Florian Bohnert war ouni Asaz am Kader.

Och fir dem Jeff Saibene seng Ekipp, den FC Ingolstadt ass et net besser gelaf, well den Drëttligist huet e Samschdeg säin éischte Match verluer. Mat 0:3 huet ee sech géint Viktoria Köln misse geschloe ginn.

Den Olivier Thill huet mat senger Ekipp FK Ufa eng weider Néierlag missen astiechen. Si hu mat 1:2 géint FK Orenburg verluer. De Lëtzebuerger gouf an der 60. Minutt agewiesselt an huet och de Gol vum Krotov virbereet.

Freideg

An der franséischer Ligue 2 huet Orléans mam Vincent Thill mat 0:1 géint den FC Charmois Niortais verluer. Den decisive Gol huet de Kemen an der 61. Minutt geschoss. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung déi 90 Minutten iwwer um Terrain.

An der Ukrain stoungen den Tim Hall an de Marvin Martins bei hirem Veräin Karpaty Lwiw an der Startformatioun. Um Enn huet een auswäerts ee Punkt géint Desna mat Heem geholl. E Gol ass wärend den 90 Minutten tëscht béiden Ekippen net gefall. De Martins krut an der 57. Minutt déi giel Kaart gewisen.

Back to Top
CIM LOGO