
An alleguerten den europäesche Kompetitioune ginn d’Matcher dann no Verlängerung respektiv no Eelefmeterschéissen entscheet. De geschossenen Auswäertsgol zielt dann net méi.
Bis elo war et jo esou, datt déi Ekipp, déi den Heemmatch 1:0 gewonnen huet an den Auswäertsmatch awer 1:2 verluer huet, duerch de geschossenen Auswäertsgol virukomm ass.
Dat ass vun der nächster Saison un net méi de Fall.