
Den Nick Kyrgios huet sech e Mëttwoch an der Véierelsfinall iwwerraschend souverän mat 6:4, 6:3 a 7:6 géint de Cristian Garin aus Chile duerchgesat. Fir den Australier ass et déi éischt Halleffinall bei engem Grand Slam a senger Karriär.
An der Ronn vun de beschte 4 kritt de Kyrgios et elo mam Rafael Nadal ze dinn. De Spuenier huet trotz enger Bauchmuskel-Blessur an engem richtege Krimi mat 3:6, 7:5, 3:6, 7:5 a 7:6 géint den US-Amerikaner Taylor Fritz gewonnen. Um Enn huet dem jonke Fritz am decisiven Tiebreak déi néideg Erfarung gefeelt.
D’Halleffinallen am Iwwerbléck:
Novak Djokovic - Cameron Norrie
Rafael Nadal - Nick Kyrgios
Halep klappt Anisimova, Rybakina wënnt géint Tomljanovic
Bei den Damme konnt sech d’Simona Halep däitlech mat 6:2 a 6:4 géint déi jonk US-Amerikanerin Amanda Anisimova duerchsetzen. Déi fréier Nummer 1 vun der Welt kritt et an der Halleffinall elo mat der Kasachin Elena Rybakina ze dinn, déi sech hirersäits an der Véierelsfinall mat 4:6, 6:2 a 6:3 géint d’Ajla Tomljanovic aus Australien duerchsetze konnt.
D’Halleffinallen am Iwwerbléck:
Tatjana Maria - Ons Jabeur
Simona Halep - Elena Rybakina