Lëtzebuerger Futtballer am AuslandUnion Saint-Gilloise mam Anthony Moris an der Coupe-Finall

RTL Lëtzebuerg
An der Belsch huet sech d'Union Saint-Gilloise mam Lëtzebuerger Nationalgolkipp fir d'Finall vun der Coupe qualifizéiert.

Mat 2:0 huet d’Ekipp ronderëm den Anthony Moris géint Bruges gewonnen a steet domat an der Finall vun der Coupe. Den Allersmatch hat Saint-Gilloise nach mat 1:2 verluer. An der Finall geet et géint Oostende oder Antwerpen. Fir d’Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller ass et déi éischt Coupe-Finall zanter 1914.

Och an der Slowakei gouf Coupe gespillt. An der Aachtelsfinall wënnt Slovan Bratislava mat 1:0 géint Zilina, obwuel de Lëtzebuerger Gerson Rodrigues en Eelefmeter verschoss huet.

Back to Top
CIM LOGO