BundesligaUnion wënnt Derby, Bayern muss batter 1:5-Néierlag astiechen

RTL Lëtzebuerg
Iwwerdeems huet Dortmund souverän am eegene Stadion mat 3:0 géint Wolfsburg gewonnen a Mainz koum fatzeg mat 0:8 bei RB Leipzig ënnert d'Rieder.
© afp

Um Samschdeg war et d’Suite vum 10. Spilldag an der Futtball-Bundesliga, an deen hat et a sech. Am Berliner Derby konnt sech den Opsteiger Union behaapten, Bayern ass zu Frankfurt ënnergaangen, Dortmund konnt Wolfsburg bezwéngen a Mainz koum fatzeg zu Leipzig ënnert d’Rieder. Schonns um Freideg huet de Laurent Jans mat Paderborn 0:3 géint Hoffenheim de Kierzere gezunn.

Den Iwwerbléck vun de Matcher

Union Berlin - Hertha BSC 1:0
1:0 Polter (90')

Fir déi éischte Kéier an der Bundesliga ass et zu Berlin zum Derby tëscht der Union an der Hertha koum. Béid Fanlager hu fir gutt Stëmmung wärend deenen 90. Minutte gesuergt. Allerdéngs sollt et Ufank der 2. Halschent zu enger Ënnerbriechung kommen. D"Supporteren” vun der Hertha hu Rakéiten op de Terrain geschoss. De Co-Trainer vun Union Berlin gouf op een Hoer getraff. No enger Ënnerbriechung ass et no knapps 6 Minutten nees weider gaangen.

De Match gouf duerch een Eelefmeter fir Union entscheet. De Polter huet de Ball an de lénkse Wénkel gesat. Union huet deemno den Derby an der däitscher Haaptstad mat 1:0 gewonnen. Och nom Match gouf et Gedeessems mat dem Pyro an de Rakéiten.

© afp

Eintracht Frankfurt - Bayern München 5:1
1:0 Kostic (25'), 2:0 Sow (33'), 2:1 Lewandowski (37'), 3:1 Abraham (49'), 4:1 Hinteregger (61'), 5:1 Paciencia (85')

An der 10. Minutt ass eng éischte Kéier hektesch zu Frankfurt ginn. No engem Konter konnt sech de Boateng just nach duerch e Foul um Frankfurter Paciencia hëllefen. Den Arbitter huet sech de Foul vum Boateng mat Hëllef vum Videobeweis nach eng Kéier genau ugekuckt an ass zum richtegen Entschloss komm, dem Boateng déi rout Kaart ze weisen. Bayern war also 80 Minutten an Ënnerzuel. Frankfurt huet vun der Iwwerzuel um Terrain profitéiert a konnt duerch de Kostic an der 25. Minutt den 1:0 markéieren. Frankfurt huet weiderhin de Ball lafe gelooss a sou konnt de Sow duerch eng schéin Kombinatioun op 2:0 fir Frankfurt erhéijen. Nëmmen 3 Minutte méi spéit war et dunn de Lewandowski, dee bis dohin fir ganz harmlos Münchener, op 1:2 verkierze konnt. Et war iwwerdeems de 10. Match a Serie, an där de Pol e Gol geschoss huet. 1:2 louch Bayern an der Paus domat a Réckstand.

Nom Téi huet Frankfurt do weider gemaach, wou si an der 1. Halschent opgehalen hunn. No engem perfekter Pass vum Da Costa huet de Abraham den 3:1 geschoss. D’Gäscht hu sech awer net opginn an haten duerch de Lewandwoski a Gnabry 2 geféierlech Aktioune fir op 2:3 ze verkierzen. Ma an der 61. Minutt sollt de Hinteregger no engem Corner vum Da Costa fir d’Virentscheedung suergen. Den Éisträicher op Säite vun de Frankfurter huet de Score mat engem Kappball op 4:1 eropgeschrauft. Nom 5:1 5 Minutte viru Schluss stoung um Enn eng batter Néierlag fir den FCB um Tableau.

© afp

Dortmund - Wolfsburg 3:0
1:0 Hazard (52'), 2:0 Guerreiro (58'), 3:0 Götze (88')

D’Spectateuren hunn an deenen éischte 45 Minutte keng Goler ze gesi krut. An der 25. Spillminutt misst de Marco Reus ouni erkennbar Problemer de Terrain verloossen. De Götze huet de Kapitän vun de Borussen ersat. Kuerz drop misst dunn och de Arbitter gewiesselt ginn. No enger längerer Paus huet de 4. Arbitter d’Päif iwwerholl. Bis dohinn hunn déi 2 Ekippen net all ze vill gewisen, geféierlech Aktioune ware virun deenen zwee Golkipper éischter seelen, soudass et mat engem 0:0 an Paus gaangen ass.

No der Paus huet de Thorgan Hazard no Virlag vum Hakimi an der 52. Minutt den 1:0 fir d’Lokalekipp geschoss. De BVB war elo déi besser Ekipp an esou war et de Guerreiro, deen am Strofraum no Zouspill vum Hazard, nëmme 6 Minutten nom 1:0, dem Golkipp am Wolfsburger Gol keng Chance gelooss huet. 2:0 fir de BVB. Am weidere Verlaf vun der Partie huet de BVB de Match geréiert, d’Null hannendra gehalen an esouguer no engem Eelefter vum Götze nach op 3:0 gesat.

RB Leipzig - Mainz 8:0
1:0 Sabitzer (5'), 2:0 Werner (30'), 3:0 Nkunku (35'), 4:0 Halstenberg (39'), 5:0 Poulsen (44'), 6:0 Werner (48'), 7:0 Mukiele (50'), 8:0 Werner (87')

Vun Ufank u war et d’Lokalekipp vu Leipzig, déi de Mainzer gewisen huet, dass op dësem Nomëtteg näischt ze huelen ass. Mat rasantem Tempo-Futtball hunn d’Bullen ee Gol nom anere geschoss. D’Mainzer konnten engem scho bal Leed doen. Mat engem héich verdéngte 5:0 sinn déi éischt 45. Minutten op en Enn gaangen. Och an der 2. Halschent ass bei de Gäscht net vill zesumme gelaf, soudass Leipzig duerch Werner a Poulsen op 6:0 a 7:0 de Score eropschrauwen konnten. Fir de Schlussstréch huet de Werner mat dem 8:0 fir d’Lokalekipp gesuergt.

Bei Mainz 05 souz de Lëtzebuerger Nationalspiller Leonadro Barreiro 90 Minutte op der Bänk.

Bayer Leverkusen - Borussia M’gladbach 1:2

0:1 Wendt (18'), 1:1 Volland (25'), 1:2 Thuram (42')

Eng rasant éischt Halschent hunn déi 2 Ekippen de Spectateuren zu Leverkusen gebueden. Béid Ekippen hunn de Wee no fir gesicht a sech eng Rëtsch Chancen erausgespillt. Nodeems de Wendt no Virlag vum Thuram an der 18. Minutt de 1:0 fir d’Gäscht geschoss huet, war et de Volland, deen nëmme 7 Minutte méi spéit den Ausgläich fir d’Lokalekipp konnt markéieren. Kuerz virun der Paus war et dunn de ganz staark opgeluechten Thuram, dee d’Féierung fir d’Borussia aus Gladbach geschoss huet. Mat engem 2:1 fir Gladbach ass et a d’Kabinn gaangen. An der 2. Hallschecht si keng Goler méi gefall, soudatt d’Fohlen déi éischt Plaz an der Tabell verdeedege konnten.

Werder Bremen - SC Freiburg 2:2
1:0 Rashica (9'), 1:1 Petersen (28'), 2:1 Gebre Selassie (59'), 2:2 Petersen (90'+4)

Souverän Victoire fir Hoffenheim beim 1. Bundesliga-Match vum Laurent Jans

Back to Top
CIM LOGO