BundesligaSouverän Victoire fir Hoffenheim beim 1. Bundesliga-Match vum Laurent Jans

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend konnt d'TSG Hoffenheim sech souverän mat 3:0 géint den Opsteiger an Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller Paderborn behaapten.
© AFP

Virun allem d’Ufanksphas vun der Partie huet den Ënnerscheed gemaach. No nëmmen 2 Minutten hat et nämlech schonns eng éischte Kéier am Gol vum Zingerle gerabbelt. De Skov hat fir d’Ekipp vu Sinsheim getraff.

No enger Véierelstonn huet d’Lokalekipp dunn nach eng zweete Kéier zougeschloen, déi Kéier a Persoun vum Kaderabek.

De Jürgen Locadia huet dunn an der 26. Minutt den 3:0 markéiert. An der éischter Hallschent war virun allem den Drager vu Paderborn komplett nieft der Spur an esou krut de Laurent Jans an der zweeter Hallschent seng Chance, fir d’Defense vu Paderborn ze verstäerken. De Lëtzebuerger Nationalspiller war an der 46. Minutt agewiesselt ginn.

Um Enn ass et beim 3:0 fir Hoffenheim bliwwen, déi domat hir 5. Victoire hannertenee feiere kënnen a weider an der Tabell klammen.

Back to Top
CIM LOGO