Fir d'Kompetitioun méi attraktiv ze maachenUnzuel vun den Ekippen am Championnat am Dammefuttball vun 12 op 10 erofgesat

RTL Lëtzebuerg
Den Dammefuttball zu Lëtzebuerg gewënnt ëmmer méi u Popularitéit.
Nëmmen nach 10 Ekippen am Futtballchampionnat vun den Dammen
Mat der Reduzéierung vun der Unzuel vun den Ekippen, soll d’Kompetitioun méi attraktiv ginn.

Fir dës Entwécklung weiderzedreiwen an den Niveau vum Championnat ze hiewen, gouf d’Unzuel vun den Ekippe virun der Saison vun 12 op 10 erofgesat. Donieft ginn dëst Joer fir déi éischte Kéier Playoffen ëm de Championstitel a géint den Ofstig gespillt.

Vum 13. Abrëll u spillen déi bescht 4 Ekippen vun der regulärer Saison an engem Playoff mat Allers- a Retourmatch ëm de Championstitel. D’Plaze 5 bis 10 spillen an enger Playoff-Ronn an eenzele Matcher géint den Ofstig an ëm d’Barrageplaz.
Dës Adaptatioune goufen op Wonsch an no Récksprooch mat den eenzele Veräiner gemaach.

D’Zil ass ënner anerem och, méi Spectateuren op d’Terrainen ze lackelen an den Dammefuttball an d’Vitrinn ze setzen.

Mam Stater Racing an dem Swift Hesper ginn et am Dammechampionnat zwee Veräiner, déi finanziell méi staark opgestallt sinn, wéi déi aner. Do stellt sech d’Fro ob net d’Gefor dreet, dass an deem neie Format ëmmer déi nämmlecht Ekippen ëm den Titel spillen.

Am grousse Ganzen ass een houfreg iwwert d’Entwécklung vum Dammefuttball hei am Grand-Duché, déi virun allem an deenen leschte Joren immens rapid no fir gaangen ass.

No Récksprooch mat de Veräiner ass esou ee Playoff-System bei den Hären nach net en Vue.

Back to Top
CIM LOGO