Schi-AlpinUS-Amerikanerin Mikaela Shiffrin op en Neits net ze schloen

RTL Lëtzebuerg
Beim Slalom zu Lienz bei den Dammen ass kee Wee laanscht d'Mikaela Shiffrin gaangen. Op d'Plazen 2 an 3 koumen d'Petra Vlhova an d'Michelle Gisin.
© AFP

D’Weltmeescherin Mikaela Shiffrin huet bei den Dammen der Konkurrenz och beim Slalom zu Lienz an Éisträich keng Chance gelooss. Si koum mat engem Virsprong vun 0,61 Sekonne virum Petra Vlohva aus der Slowakei am Zil un. Op d’Plaz 3 ass iwwerdeems d’Schwäizerin Michelle Gisin komm. Am Weltcup bleift d’Gewënnerin vum Sonndeg weider souverän op Plaz 1.

Bei den Häre gouf den Alexis Pinturault senger Favoritteroll bei der Kombinatioun am Schi-Alpin op der Stelvio zu Bormio gerecht. De Fransous konnt sech virum Aleksander Kilde aus Norwegen an dem Loic Meillard aus der Schwäiz behaapten. De Kilde féiert iwwerdeems de Weltcup un.

Back to Top
CIM LOGO