Fir déi selwecht PaiUS-Futtballspillerinne wëlle viru Geriicht

RTL Lëtzebuerg
Si wëllen déi selwecht Pai wéi hir männlech Futtball-Kollegen. Dowéinst wëllen d'US-Weltmeeschterinnen elo viru Geriicht.
© SID/Paul Morigi

D’Verhandlungen tëscht de Frae vum véierfache Weltmeeschter an dem eegene Verband USSF sinn an enger Sakgaass. Der Porte-Parole Molly Levinson no freeë sech d’Futtballspillerinnen op e Prozess.

Et wier ee voller Hoffnung an d’Verhandlunge gaang an enttäuscht ginn. Si hätte festgestallt, dass de Verband u senge fundamental diskriminéierende Konditioune festhale wëll. Et wier kloer, dass den USSF-President Carlos Cordeiro de Fraen och weiderhi manner bezilt, wéi de Männer.

Iwwerdeems d’USSF verlaude gelooss huet, un enger Léisung ze schaffen, hunn d’Futtballistinne schonn vun hirem Kampf viru Geriicht geschwat.

Back to Top
CIM LOGO