
D’Patrizia van der Weken geet iwwer 100 Meter bei den Dammen un den Depart. Mat enger Zäit vun 11:05 hat d’Sportlerin vum Joer 2024 sech schonn am Mee qualifizéiert. Op deene leschten 2 Meetingen zu Bréissel an Zürech konnt si awer net méi un des Zäiten uknäppen. Zu Tokio geet si géint enorm staark Konkurrenz als Outsider un den Depart.
Fir d’Vera Bertemes-Hoffmann steet d'1.500 Meter-Course um Programm. Als 38. am Ranking vun am Ganze 56 Qualifizéierte gëtt si fir hir reegelméisseg Saison belount. 2025 huet si hir Zäiten iwwer 1.500 an 3.000 Meter verbessert a konnt beim nationale Championnat en neie Rekord iwwer 5.000 Meter opstellen. Ugangs Juli hat si zu Posen a Polen en nationale Rekord iwwer 1.500 Meter realiséiert. (4:05:58)
De Ruben Querinjean hat beim Diamond League Meeting zu Bréissel déi ganz Liichtathletik-Zeen iwwerrascht. Iwwer 3.000 Steeple konnt den 23 Joer jonken Athlet déi ganz Konkurrenz klappen a war an enger Zäit vun 8:09:47 en neie Lëtzebuerger Rekord gelaf. D’Revelatioun vun der Saison war do virdru schonn Uni-Weltmeeschter ginn.
Och de Charel Grethen kënnt iwwer de Ranking mat op d’WM. Den Olympia-Finalist aus dem Joer 2021 hat souwuel 2022 wéi och 2023 bei der WM de Sprong bis an d’Halleffinall iwwer 1.500 Meter gepackt a kann op seng grouss Erfarung zielen.