HandballVeräin vun Esch preparéiert Relance vum Championnat

RTL Lëtzebuerg
Den nächste Weekend geet et nees lass am Handball-Championnat.
Relance am Handball
Op Esch ware mer eis ukucken, wéi en Training a Corona-Zäiten ausgesäit.

Am Ekippesport dierfen d’Spiller aus der ieweschter Divisioun nees zesummen trainéieren an eben och Matcher spillen. Dat kléngt gutt, ass awer an der Praxis net sou einfach.

Bis an d’Hal gëllt et, d’Masken unzehunn. Um Training da mussen d’Masken net ubleiwen. Erlaabt ass de Kierperkontakt an och d’Schwätzen, wat zum Ekippesport dozougehéiert. D’Trainer halen hir Masken un, ausser wa si op Distanz kënne goen. Beim Handball Esch ginn se op jidder Fall gewëssenhaft mat de Bestëmmungen ëm. Op engem Bou gëtt agedroen, wéi vill Leit an der Trainingszäit an der Hal waren. An de Vestiairen ass alles opgedeelt, de Risk gëtt op e Minimum begrenzt.

Chance muss een och e bëssen hunn, well beim Handball Esch gouf a leschter Zäit kee Spiller positiv op der Coronavirus getest.

Back to Top
CIM LOGO