Champions LeagueVictoirë fir Barca a Juve, PSG verléiert géint Man United

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend war den Optakt vun der neier Champions-League-Saison. D'Gruppen E, F, G an H hunn den Ufank gemaach.
© AFP

Resümmee Champions League / Reportage Jeff Kettenmeyer

Am Grupp G stoung en Dënschdeg den Owend mam Gerson Rodrigues fir d’éischte Kéier ee Lëtzebuerger Nationalspiller an der Gruppephas vun der Champions League um Terrain. D’Ekipp vum Lëtzebuerger Dynamo Kiew huet sech um Enn allerdéngs misse mat 0:2 géint de Favorit Juventus Turin geschloe ginn. An der zweeter Partie hat Barcelona mam 5:1 keng Problemer géint Budapest.

Am Grupp H huet sech de PSG iwwerraschend misse mat 1:2 géint Manchester United geschloe ginn. Fir Leipzig gouf et eng 2:0-Victoire géint Istanbul.

Am Grupp E gouf et zwee Remisen. Chelsea a Sevilla hu sech mat engem 0:0 getrennt a Rennes a Krasnodar mat engem 1:1.

Am Grupp F hat iwwerdeems Borussia Dortmund keng Chance bei Lazio Roum. De BVB huet mat 1:3 de Kierzere gezunn. An Zenit huet sech misse mat 1:2 géint Bruges geschloe ginn.

E Mëttwoch den Owend iwwerdréit RTL de Match Bayern München géint Atlético Madrid. Net mat dobäi beim Titelverdeedeger ass de Serge Gnabry. Hie gouf en Dënschdeg positiv op de Coronavirus getest.

Grupp H

Paris Saint-Germain - Manchester United 1:2
0:1 Fernandes (23'), 1:1 Martial (Selbstgol) (55'), 1:2 Rashford (87')

De PSG huet vun Ufank u probéiert d’Kontroll am Match ze iwwerhuelen an hat an den éischte 15 Minutten dann och direkt zwou gutt Chancen, dat duerch den di Maria. Den de Gea war awer béid Kéieren op Zack a konnt ee fréie Réckstand vu senger Ekipp verhënneren. An der 20. Minutt kruten dunn allerdéngs d’Gäscht no engem Foul vum Diallo um Martial een Eelefmeter. De Fernandes huet sech der Saach ugeholl. Dem Portugis säin éischte Schoss konnt de Kipper vum PSG nach halen, ma wéinst engem Regelverstouss huet de Fernandes nach emol dierften untrieden. Hien nees den nämmlechten Eck geholl an dës Kéier souz de Schoss. Domadder stoung et 1:0 fir Manchester United.

Den 1:0 fir Manchester United
An der 23. Minutt huet de Fernandes seng Ekipp per Eelefmeter a Féierung bruecht.

Duerch den Eelefmeter an de Réckstand huet de PSG de Fuedem an der Partie e bësse verluer. Bei der Ekipp vum Tuchel ware keng gutt Iddien ze gesinn a virun allem am Mëttelfeld huet een ee schwaacht Bild ofginn. Manchester United dogéint war gutt organiséiert, huet offensiv ëmmer nees flott Aktioune gewisen an domadder ass och d'1:0-Féierung an der Paus an d’Rei gaangen.

Déi bescht Zeenen aus der éischter Hallschent
No den éischte 45 Minutte stoung et tëscht dem PSG a Manchester United 0:1.

An der Kabinn schéngt den Trainer vum PSG déi richteg Wierder fonnt ze hunn, well de Veräi vu Paräis huet no der Paus een anert Gesiicht gewisen. Si hunn elo vill méi nogesat a sinn ëmmer nees virun de Gol vun de Gäscht komm. Nodeems sech den Ausgläich schonn ugedeit hat, ass den 1:1 dann och an der 55. Minutt gefall. Et war awer kee Spiller vum PSG, mä no engem Corner vum Neymar huet de Martial de Ball mam Kapp an den eegene Gol gesat.

Den 1:1 fir de PSG
An der 55. Minutt konnt de PSG duerch e Selbstgol vum Martial ausgläichen.

Nom Ausgläich war et eng ausgeglache Partie tëscht béide Formatiounen. An de leschten 10 Minutten ass dunn allerdéngs nach eng Kéier d’Ekipp vum Solskjaer opkomm. Si hunn de PSG ënner Drock gesat an et louch e weidere Gol an der Loft, deen dann och an der 87. Minutt gefall ass. No enger staarker Partie huet de Rashford den 2:1 fir d’Gäscht markéiert.

Den 1:2 fir Manchester United
An der 87. Minutt huet de Rashford fir d’Decisioun gesuergt.

Dem PSG ass et duerno net méi gegléckt, fir nach eng Kéier zeréckzekommen. Domadder verléiert d’Ekipp vum Tuchel dach awer e bëssen iwwerraschend mat 1:2 géint Manchester United.

Déi bescht Zeenen aus der zweeter Hallschent
No 90 Minutten huet sech Manchester United mat 2:1 beim PSG behaapt.

Leipzig - Istanbul Basaksehir 2:0
1:0 Angelino (16'), 2:0 Angelino (20')

De Resümmee vum Match Leipzig-Istanbul
Leipzig konnt sech mat 2:0 d’Victoire sécheren.

Grupp G

Dynamo Kiew - Juventus Turin 0:2
0:1 Morata (46'), 0:2 Morata (84')

Am Grupp G huet Dynamo Kiew en Dënschdeg den Owend deen éischte Match vun der Gruppephas an der Champions League géint Juventus Turin verluer.

No 90 Minutten hu sech de Gerson Rodrigues a Co misse mat 0:2 géint de favoriséierte Veräin aus Italien geschloe ginn. Béid Goler huet de Morata markéiert, dat an der 46. an an der 84. Minutt. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 60. Minutt agewiesselt.

Barcelona - Budapest 5:1
1:0 Messi (Eelefmeter) (27'), 2:0 Fati (42'), 3:0 Coutinho (52'), 3:1 Kharatin (70'), 4:1 Pedri (82'), 5:1 Dembélé (89')

D'Resümmeeë vum Grupp G
Dynamo Kiew huet mat 0:2 géint Juventus Turin verluer a Barcelona huet Krasnodar mat 5:1 iwwerrannt.

Grupp E

Chelsea - Sevilla 0:0

Rennes - Krasnodar 1:1

1:0 Guirassy (Eelefmeter) (56'), 1:1 Ramirez (59')
D'Resümmeeë vum Grupp E
A béide Matcher gouf et ee Remis. Chelsea a Sevilla hu sech mat engem 0:0 getrennt a Rennes a Krasnodar mat engem 1:1.

Grupp F

Lazio Roum - Borussia Dortmund 3:1
1:0 Immobile (6'), 2:0 Hitz (Selbstgol) (23'), 2:1 Haaland (71'), 3:1 Akpa Akpro (76')

Zenit - Bruges 1:2
0:1 Dennis (63'), 1:1 Horvath (Selbstgol) (74'), 1:2 de Ketelaere (90+3')

D'Resümmeeë vum Grupp F
Lazio Roum konnt sech mat 3:1 géint Borussia Dortmund duerchsetzen an Zenit huet mat 1:2 géint Bruges de Kierzere gezunn.

D’Resultater am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO