Basket 1. HalleffinallenVictoirë fir Basket Esch an Etzella

RTL Lëtzebuerg
D'Etzella konnt sech kloer mat 101 op 82 géint d'Amicale Steesel duerchsetzen, méi enk huet de Basket Esch géint den T71 gewonnen: 72 op 67.
© Maya a Robert Straus / RTL.lu

Am nationale Basket stoungen e Mëttwoch den Owend am Championnat déi éischt Halleffinallen um Programm, gespillt gëtt jo am Best-of-5-Modus, Entscheedunge sinn deemno nach net gefall - an awer ...

Éischt Halleffinallen am Basket: Reportage Jeff Kettenmeyer

Basket Esch - T71 Diddeleng 72:67

Den Optakt huet d’Partie Esch-Diddeleng gemaach an do waren déi Escher liicht favoriséiert a si konnten där Roll dann och gerecht ginn, allerdéngs an engem ganz enke Match. Em Enn wënnt de Basket Esch mat 72 op 67 géint den T71 vun Diddeleng.

Basket Esch - T71 Diddeleng
Basket Esch - T71 Diddeleng
© Shari Schenten

Deen éischte Véierel war zimlech ausgeglach, 15:16 aus Siicht vun den Haushären, ma am zweete konnte sech d’Gäscht vun Diddeleng du richteg ofsetzen (22 op 15), deen drëtte war dunn nees méi ausgeglach, 18:16 fir Esch, an dee Basket Esch huet dunn awer am leschte Quarter alles kloer gemaach, well do konnte sech déi Escher kloer mat 24 op 13 duerchsetzen. Dat mécht am Total e 5-Punkten-Avantage fir Esch: 72 op 67.

Domat steet et an den Halleffinallen tëscht dem Basket Esch an dem T71 Diddeleng 1:0 fir déi Escher.

Etzella - Amicale Steesel 101:82

1:0 steet et an den Halleffinallen och fir d’Etzella, well déi Ettelbrécker, bis elo déi dominant Ekipp am Championnat, konnte sech, wéi erwaart, géint d’Amicale vu Steesel duerchsetzen - an dat dach zimlech kloer mat 101 op 82 an enger ganz offensiver Partie.

Etzella war als Favorit an de Match gaangen, et war jo eng Neioplo vun der Finall vun der Coupe dëst Joer an och vun der Finall am Championnat d’lescht Joer, wou sech bekanntlech d’Amicale um Enn freeën duerft. Ma duerch d’Victoire géint Steesel an der Coupe-Finall huet sech Ettelbréck vill Drock vun de Schëllere geholl ...

E Mëttwoch den Owend hat den aktuelle Champion dann och keng Chance géint d’Etzella, déi virun allem am éischte Véierel (30 op 19) an am leschten (19 op 12) den Ecart gemaach hunn, an der Mëtt war de Match méi ausgeglach.

Dräimol musse ee jo an den Halleffinalle wannen, eng Victoire huet d’Etzella elo op hirem Kont.

RTL Radio Lëtzebuerg am Livestream.

Back to Top
CIM LOGO