Liichtathletik: CrossVictoirë fir d'Anny Wolter an de Jimmy Keiffer

RTL Lëtzebuerg
Beim Cross op der Fola konnte sech bei den Dammen a bei den Hären d'Athletin an den Athlet vun der Fola duerchsetzen.
Cross op der Fola
Beim Cross op der Fola konnte d’Anny Wolter an de Kimmy Keiffer duerchsetzen.

Rout Wäiss, dat sinn d’Faarwen vum CA Fola, dem Organisateur vum Cross op dem interessanten Site am Ellergronn. Souwuel bei den Dammen wéi och bei den Hären hate mam Anny Wolter a mam Jimmy Keiffer d’Athletinnen an d’Athlete vun der Fola d’Nues vir. Déi hefteg Steigung gouf mat ënnerschiddlechen Gefiller an Ugrëff geholl. D’Anny Wolter fillt sech op esou engem Parcours wuel an huet virum Lena Kersch an dem Tekuam Biseteng gewonnen. Fir de Jimmy Keiffer war d’Steigung éischter e klenge Nodeel, mee am Biergof an op der riichter Streck konnt den Athlet dat erëm gutt maachen. De Jimmy Keiffer ass virum Luc Schöller an dem Christop Kass iwwer d’Arrivée gelaf.

Souwuel bei den Dammen wéi och bei den Hären gëtt an der Fola d’Kollegialitéit Grouss geschriwwen, dovunner kann een sech op deene verschiddenen Kompetitiounen iwwerzeegen.

Eng interessant Course konnten d’ Spectateuren bei der gemëschter Grupp Junioren an Espoiren erliewen. Den Espoir Gillles Weicherding huet sech knapp virum Junior Gaspar Klucken an dem David Lang behaapt, deen als Triathlonsspezialist zu de Beschten Junioren an Europa zielt.

Bei den Cadettes war déi éischt Plaz fir d’Triathletin Linda Krombach. Bei de Minimes kann een sech de Numm vun der Gewënnerin Elena Lopes notéieren. An der leschter Wantersaison hat déi jonk Athletin och e Cross an der Belsch gewonnen.

De Cross op der Fola bleift och bei de Jéngste ganz populär, déi mat vill Begeeschterung duerch de Bulli jauwen.

Back to Top
CIM LOGO