
Bei den Häre stoung an der Relegatioun e Match vum 9. Spilldag um Programm. Duerch eng Steigerung an der 2. Hallschent konnt sech den HB Péiteng mat 28:22 géint den HB Bartreng duerchsetzen. No den éischten 30 Minutten louch Bartreng nach mat 14:13 a Féierung. Haaptsächlech de Clément Apy an de Pit Bettendorff hu mat all kéiers 8 Goler de Péitenger dës Victoire geséchert.


Bei den Dammen goufen zwee Matcher vun de Spilldeeg 9 an 11 nogeholl. Et waren zugläich déi lëscht Matcher vun der Qualifikatioun.
Am Nodrosmatch vum 9. Spilldag konnt sech Diddeleng souverän mat 24:17 géint den HB Museldall duerchsetzen. Bei den Diddelenger huet d’Joy Wirtz mat 9 Goler e groussen Deel zu dëser Victoire bäigedroen.
Am zweete Match kruten d’Spectateuren e ganz spannenden an enke Match tëscht dem Red Boys Déifferdeng an dem CHEV Dikrech ze gesinn. Béid Ekippen hu sech mat 26:26 getrennt.
LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
LINK: Den Iwwerbléck vum Dammen-Handball