
E Samschdeg den Owend war am Lëtzebuerger Handball-Championnat bei den Hären an den Dammen den 3. Spilldag vun der Titel-Grupp a vun der Relegatioun.
Titelgrupp
HB Esch - HC Berchem 36:33 (17:18)
Nodeems Esch gutt ugefaangen huet a liicht Virdeeler hat, huet Bierchem ab der 10. Minutt besser an de Match fonnt, konnt de Match zu senge Gonschten dréinen a sech e Virsprong vun e puer Goler erausspillen. Déi Escher sinn awer nees eng kéier an de Match zeréck komm an esou ass et mat engem 18:17 fir Bierchem an d’Paus gaangen.
Och no der Paus hu sech béid Ekippen näischt geschenkt an den Ecart louch ëmmer bei maximal 2 Goler. Um Enn vum Match ass et den Escher awer gelongen e klengen Ecart hierzestellen an dësen hu se bis zum Schluss dann och net méi ofginn. Esou gewënnt Esch e ganz spannende Match mat 36:33 géint Bierchem.
Red Boys Déifferdeng - HB Käerjeng 30:31 (11:18)
HB Diddeleng - HB Miersch 38:25 (22:18)
Relegatioun
HC Standard - HB Péiteng 26:20 (16:9)
HE Rëmeleng - HB Bartréng 23:22 (10:7)
CHEV Dikrech - HB Schëffleng 24:25 (13:12)

Titelgrupp
Red Boys Déifferdeng - Handball Esch 28:20 (11:11)
HB Diddeleng - HB Käerjeng 24:20 (9:7)
CHEV Dikrech - HB Museldall 25:24 (15:12)
Relegatioun
HC Atert Redange - HC Standard 23:20 (7:10)
LINK: Den Iwwerbléck vum Hären-Handball
LINK: Den Iwwerbléck vum Dammen-Handball