FLT MastersVictoirë fir Gil Garcia a Berna, Néierlage fir Calzi a Kremer
Beim FLT Masters by Cardif Lux Vie um CNT zu Esch konnt den Aaron Gil Garcia, op 1 gesat, a sengem Optaktmatch vum Haapttableau eng Victoire feieren.
Verëffentlecht: 14.11.24 14:24, Update: 04.12.25 10:00
De Raphael Calzi huet sech dogéint missten dem Charles Berna geschloe ginn, de Gilles Kremer huet géint den Noé Plique verluer. Am véierte Match vum Dag gouf et e Mëttwoch eng Victoire fir de Robi Tholl géint säi Brudder Christophe Tholl.
Bei den Dammen huet sech d'Eléonora Molinaro géint d'Else Vander Stichele duerchgesat, iwwerdeems d'Lucie Rabiot géint d'Leila Fabbri verluer huet. Victoirë goufen et donieft och fir d'Laura Palumbo géint d'Laura Correia an d'Tatiana Silbereisen géint d'Onalee Wagner.
En Donneschdeg a Freideg sti weider Matcher vun der Gruppephas un.
D'Tatiana Silbereisen hei am Bild.
Den Noé Plique war géint de Gilles Kremer erfollegräich.
Och fir d'Leila Fabbri gouf et eng Victoire.
De Charles Berna konnt en éischten Erfolleg feieren.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.