
Am Riseslalom zu Alta Badia hat den Norweger Henrik Kristoffersen d’Nues vir. Mat enger Avance vun 0,31 Sekonne konnt hie virum Leader am Weltcup, dem Schwäizer Marco Odermatt, gewannen. Drëtte gouf den Éisträicher Manuel Feller mat engem Retard vun 0,37 Sekonnen. Et war dem Kristoffersen seng éischt Victoire an dëser Saison. Am Gesamtweltcup huet de Marco Andermatt eng Avance vu knapp 50 Punkten op den Zweeten am Klassement, de Mathias Mayer, an iwwer 120 Punkten Avance op den Aleksander Aamodt Kilde op Plaz dräi.
Bei den Damme feiert d’Sofia Goggia hir zweet Victoire op dësem Weekend. Déi 29 Joer al Italienerin setzt sech am Super G zu Val d’Isère virun hire Kontrahentinne Ragnhild Mowinckel aus Norwegen (+ 0,33 Sekonnen) an hirer Landsfra Elena Curtoni (+ 0,55 Sekonnen) duerch. Am General huet d’Italienerin eng komfortabel Avance vu 65 Punkten op déi zweetplacéiert Amerikanerin Michaela Shiffrin, déi e Sonndeg just op déi fënneft Plaz koum.