
De Rietsverteideger Marvin Martins gouf an der 83. Minutt ausgewiesselt. Casa Pia steet am Moment op der 8. Plaz an der Tabell.
An och de Sébastien Thill ass mam moldawesche Meeschter FC Sheriff weider erfollegräich ënnerwee. E Mëttwoch huet d’Ekipp 3:0 géint Floresti gewonnen. An der 74. Minutt gouf den Thill dunn ausgewiesselt.
