Kee Rekord, mä konstant gutt ZäitVictoire vum Patrizia van der Weken zu Léck

RTL Lëtzebuerg
Nieft der Patrizia van der Weken waren och d'Victoria Rausch an de Charel Grethen beim Meeting am Asaz.
© VIRGINIE LEFOUR BELGA MAGBelga via AFP (Archiv)

D’Patrizia Van der Weken huet den 100-Meter-Sprint beim Internationale Meeting vun der Province de Liège gewonnen. D’Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer huet d’Course an 11 Sekonnen an 20 Honnertstel (NR 11.00) gewonnen. D’Lotta Lempinnen war Zweet ginn, dat awer 15 Honnertstel méi lues.

Iwwer 100 Meter Hecken ass d’Victoria Rausch déi 4. ginn, dat an enger Zäit vun 13.24 Sekonnen, wat just eng Honnertstel Sekonn méi lues ass, wéi hiren aktuellen nationale Rekord, dee si am Juni opgestallt huet.

De Charel Grethen ass an 3:36,62 als 6. vun der A-Finall iwwer 1.500 Meter iwwer Linn d’Arrivée gelaf. Dës Course gouf vum Ruben Querinjean gewonnen, an enger Zäit vun 3:34,92. De Querinjean gëtt zwar als Belsch um Meeting gelëscht, hie start awer fir de Grand-Duché.

LINK: Fannt hei all d’Resultater am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO