SprangreidenVictor Bettendorf a Foxy de la Roque ginn an Zukunft getrennte Weeër

RTL Lëtzebuerg
Beim Grand-Prix zu Genf Mëtt Dezember ginn de Victor Bettendorf a säi Päerd Foxy de la Roque virleefeg eng leschte Kéier zesummen an den Asaz.
De Victor Bettendorf an d'Focy de la Roque um CSI5* zu Lyon den 1. November 2024.
De Victor Bettendorf an d’Focy de la Roque um CSI5* zu Lyon den 1. November 2024.
© FLSE

Nodeems sech de Victor Bettendorf virun den Olympesche Spiller vu sengem Päerd Mc Tac huet missen trennen an doropshin op d’Spiller zu Paräis fräiwëlleg verzicht huet, steet elo déi nächsten Trennung virun der Dier.

De leschte Freideg huet de Sprangreider mam Foxy de la Roque d’Final vum Longines Global Champions Tour zu Riad a Saudiarabien gewonnen. Domadder huet de Victor Bettendorf Lëtzebuerger Sportgeschicht geschriwwen. Elo gëtt déi 9 Joer al Mier awer verkaaft. Den neie Besëtzer ass den Amerikaner Karl Cook. Deen huet op den Olympesche Spiller zu Paräis mat der Ekipp d’Sëlwermedail gewonnen.

D’Foxy de la Roque huet zum Stall “Haras de la Roque” gehéiert, deen am Besëtz vum Victor Bettendorf sengem Schwéierpapp Michel Hécart ass.

Back to Top
CIM LOGO