European Championships: LiichtathletikVictoria Rausch an den Halleffinallen iwwer 100 Meter Hecken

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend waren op der Liichtathletik-EM zu München d’Virleef bei den Dammen iwwer 100 Meter Hecken.
© ATP

Hei konnt d’Victoria Rausch sech mat enger Zäit vun 13 Sekonnen a 37 Honnertstel fir d’Halleffinallen iwwer 100 Meter Hecke bei den Damme qualifizéieren.

Zwar ass d’Lëtzebuergerin an hirem Virlaf just 6. ginn, ma si ass eng vun den dräi séiersten Athletinnen, déi net an déi éischt dräi vun hirem Virlaf komm sinn a sech dowéinst iwwer hir Zäit fir d’Halleffinalle qualifizéieren.

D’Halleffinallen iwwer 100 Meter Hecke bei den Damme ginn e Sonndeg no 19 Auer gelaf.

Back to Top
CIM LOGO