Internationale Meeting zu SchëfflengVictoria Rausch mat neiem nationale Rekord iwwer 100m Hecken

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Lëtzebuergerin ass d'Auer no 13,09 Sekonne stoe bliwwen.
Internationale Meeting zu Schëffleng
Victoria Rausch mat neiem nationale Rekord iwwer 100m Hecken.

Beim internationale Liichtathletik-Meeting zu Schëffleng ass d’Victoria Rausch e Samschdeg den Owend an der B-Finall iwwer 100 Meter Hecken en neien nationale Rekord gelaf. Als Drëtt hannert der Polin Klaudia Wojtunik (12,88 Sekonnen) an der Schwäizerin Jil Sanchez (13,01 Sekonnen) ass si eng Zäit vun 13,09 Sekonne gelaf. Den ale Rekord vun der Celtic-Athletin louch bei 13,23 Sekonnen.

PDF: D'Resultater vum internationale Meeting zu Schëffleng

Back to Top
CIM LOGO