Nations-League-PlayoffsVill Ausfäll bei de Roude Léiwen, ma et ginn Alternativen

RTL Lëtzebuerg
Den 21. Mäerz spillen d'Rout Léiwen ee vun de wichtegste Matcher an der Lëtzebuerger Futtballgeschicht.
Vill Ausfäll bei de Roude Léiwen, ma et ginn Alternativen
Den 21. Mäerz spillen d’Rout Léiwen ee vun de wichtegste Matcher an der Lëtzebuerger Futtballgeschicht.

D’Ekipp vum Luc Holz trëtt zu Tiflis an der Halleffinall vun de Playoffs vun der League C géint Georgien un.

Den Danel Sinani ass gespaart wéinst der rouder Kaart am leschten EM-Qualifikatiounsmatch a Liechtenstein. Blesséiert feelen de Marvin Martins an den Dirk Carlson wéinst engem Muskelfaserrëss an de Vincent Thill wéinst engem Kräizbandrëss. Ee Fragezeiche steet och hannert dem Mathias Olesen, dee wéinst engem Virus eng Zäitchen net konnt spillen. Keng optimal Viraussetzungen. Trotzdeem eng Chance fir déi zweet Rei, dës Ausfäll ze kompenséieren.

RTL-Expert Eric Hoffmann: “Ech mengen, mir hunn op verschidde Positioune schonn Alternativen, wa mer de Marvin Martins kucken, wat natierlech ee ganz grousse Verloscht ass, well hien awer an de leschten 18 bis 24 Méint super Leeschtunge fir d’Nationalekipp bruecht huet, an awer do hu mer zum Beispill mam Laurent Jans oder dem Florian Bohnert zwou Alternativen, déi awer och scho gewisen hunn, datt se op deem Niveau super Matcher kënne weisen. Respektiv den Yvandro Borges war laang verletzt déi lescht Matcher, dee kënnt elo erëm, fir éischter déi Positioun vum Danel Sinani oder vum Vincent Thill ze iwwerhuelen, do mengen ech schonn, datt mer scho gerüst sinn, déi puer Ausfäll kënnen ze kompenséieren.

Mee och Georgien muss op ee ganz wichtege Spiller verzichten. De Star-Spiller vum SSC Neapel, de Kvicha Kvaratskhelia wäert géint d’Rout Léiwe wéinst enger Giel-Spär net mat dobäi sinn. Ee weidere Pilier an hirer Ekipp ass de Giorgi Mamardashvili, de Golkipp vum FC Valencia, dee relativ sécher tëscht de Pottoe wäert stoen. Eng wichteg Roll kéinten och de Stiermer vum FC Metz Georges Mikautadze an den offensive Mëttelfeldspiller vun Watford Giorgi Chakvetadze hunn. Fir de Rescht ass et eng Ekipp, déi änlech ass wéi d’FLF-Selektioun.

RTL-Expert Eric Hoffmann: “Si hunn ee Star, dee glécklecherweis fir eis net dobäi ass, an all de Rescht sinn esou uerdentlech Profie wéi mir se och hunn, et si keng exzeptionell Spiller. Si spillen net an exzeptionell grousse Championnater. An dofir géif ech soen, datt sportlech d’Ekipp schonn op engem änlechen Niveau ass. Do hänkt et wierklech dovun of, wien am Moment an enger besserer Phas ass. Si hunn natierlech dee grousse Virdeel, datt se doheem spillen an datt si wierklech e supere Stadion hunn, mat hiren Heemmatcher, wou se och ganz vill Punkten ëmmer geholl hunn.

Trainéiert gëtt Georgien vum Willy Sagnol. De fréiere Spiller an Interimstrainer vum FC Bayern München an och 58-fache franséischen Nationalspiller kennt esou decisiv Do-or-Die-Matcher, dovu kéinten och seng Spiller profitéieren. Bei de Roude Léiwen ass dat eventuell een Tick aneschters. Trotzdeem hunn awer eng Rëtsch Pilieren d’Erfarunge vun zum Beispill Coupe-Halleffinallen oder -Finallen, fir sech optimal op de Match ze preparéieren.

RTL-Expert Eric Hoffmann: “Do ass et bei jidderengem aneschters, ech mengen, et ginn ëmmer eng Rei Spiller, déi sech deeglaang just wëlle fokusséieren op dee Match, déi net vill wëlle wëssen, net vill wëlle mat deenen anere Spiller schwätzen, einfach an hirem Tunnel wëlle sinn, anerer ginn awer dofir e bësse méi gespréicheg, wëllen einfach d’Oflenkung hunn. Ech war och ëmmer der Meenung, datt d’Oflenkung ëmmer dat Bescht ass, dat heescht net esou vill sech selwer ofkapselen, einfach fräi mat deenen anere Coequipieren driwwer schwätzen. Et ass fir mech ëmmer déi beschten Astellung, mee do ass all Spiller aneschters an do muss jiddereen op seng Aart a Weis domadder eens ginn, fir sech ze preparéieren.

Dat lescht Duell mat Georgien geet zeréck an d’Joer 2018. Deemools konnten d’Rout Léiwen ee Frëndschaftsmatch duerch ee Gol vum Aurélien Joachim mat 1:0 fir sech entscheeden. Fir dëse Match ass eppes sécher. De ganze Stadion wäert op alle Fall géint d’Rout Léiwe sinn.

RTL-Expert Eric Hoffmann: “Se wäerte vun Ufank u se wëllen ënner Drock maachen an do muss den Trainer se drop preparéieren. Ech mengen, dat ass dat Eenzegt, wou se en Afloss drop hunn a wou se wëssen, wéi ee genau eens geet, alles dat, wat ronderëm ass. Ech mengen, do muss een da sur place kucken, wat wierklech da geschitt, fir kuerzfristeg drop ze reagéieren. Mee alles, wat um Terrain ass, do muss den Trainer schonn der Ekipp genuch Tipps mat op de Wee ginn, respektiv d’Spiller selwer sinn an enger Positioun. Si spillen am Ausland, si si Profi, si mussen do wëssen, wat op se duerkënnt. An do gëllt et vun der éischter Sekonn, komplett prett ze sinn, well dat gëtt wierklech eng richteg waarm Atmosphär am Ufank.

Et däerf ee gespaant sinn, wéi d’FLF-Selektioun déi verschidden Ausfäll ka kompenséieren. En Donneschdeg presentéiert de Luc Holtz de Kader.

Back to Top
CIM LOGO