
Villarreal heescht de Gewënner vun der Europa League. Am Stadion Miejski zu Danzeg huet sech d’Ekipp vum Emery e Mëttwoch den Owend am Eelefmeterschéisse géint Manchester United behaapt.
Et war eng ausgeglache Partie an där et net ganz vill Chancen op béide Säite gouf. No 90 Minutte stoung et 1:1 a well och an der Verlängerung weder Villarreal nach Manchester United de Ball eng weider Kéier an de Gol kritt huet, ass d’Decisioun am Eelefmeterschéisse gefall an do gouf et e richtege Krimi. Um Enn huet Villarreal sech mat 11:10 behaapt. Well all d’Feldspiller getraff hunn, war et un de Golkipper an do huet den David de Gea verschoss.
Villarreal ka sech domadder iwwert deen éischten europäeschen Titel freeën. Manchester United muss nom Succès an der Saison 16/17 op eng weider Victoire vun der Europa League waarden.
An der Paus louch Villarreal duerch e Gol vum Gerard mat 1:0 a Féierung. Manchester United huet wuel déi éischt 45 Minutten de Match bestëmmt, ma d’Aktioune waren net effikass genuch, fir e Gol kënnen ze markéieren. No der Paus huet eng Standardsituatioun d’Red Devils zeréck an de Match bruecht. No engem ze kuerz gekläerte Shaw-Corner huet de Rashford aus der zweeter Rei ofgezunn, de Ball ass dem Cavani virun d’Féiss gefall an de Stiermer huet dunn aus kuerzer Distanz dat ronnt Lieder an de Filet gesat. Den 1:1 fir ManUnited. Béid Ekippen hunn duerno probéiert, fir den decisive Gol ze schéissen, ma op kenger Säit wollt de Ball eragoen.
No 90 Minutte stoung et tëscht Villarreal a Manchester United nach ëmmer 1:1 gläich, sou datt et an d’Verlängerung gaangen ass. Och hei konnt sech keng Ekipp esou richteg geféierlech Chancen erausspillen, sou datt d’Decisioun am Eelefmeterschéissen huet misse falen. Um Enn hat Villarreal d’Nues vir a konnt sech mat 11:10 duerchsetzen. Den de Gea huet den decisiven Eelefmeter um Enn verschoss.