
Den Hognon gëtt domat Nofollger vum Pascal Carzaniga. De franséischen Trainer war ënner anerem beim FC Metz als Trainer aktiv.
Den Hognon huet sech fir ee Joer engagéiert mat enger Optioun, fir dat Joer ze verlängeren. Et ass fir de 46 Joer alen Trainer kloer, datt hien op de Swift koum, fir Titelen ze gewannen a fir nach méi a Richtung Professionalismus ze goen.
Et ass net ausgeschloss, datt an noer Zukunft nach Spiller rekrutéiert kéinte ginn.