
Den 20 Joer ale Lëtzebuerger Nationalspiller gouf zwar agewiesselt an huet eng decisiv Pass gemaach, ma eisen Informatiounen no soll de Mëttelfeldspiller awer vum Trainerstaff vum FC Metz gesot kritt hunn, datt seng Chancen, dës Saison bei de Grenats ze spillen, ganz kleng wären.
De Laurent Jans war e Freideg net dobäi. De Kapitän vun de Roude Léiwem huet no senger Saison an der éischter Bundesliga bei Paderborn, an duerno senger Vakanz, elo eréischt e Méindeg nees mam Training zu Metz ugefaangen.