
Den 20 Joer alen offensive Mëttelfeldspiller wiesselt bei CD Nacional Madeira, déi an der héchster portugisescher Liga spillen. Wéi d’L’Equipe matdeelt, hätt de Lëtzebuerger Nationalspiller e Kontrakt vu 4 Joer ënnerschriwwen, dat huet de portugisesche Veräin den 11. September confirméiert.
Déi lescht Jore gouf den Thill ëmmer nees ausgeléint an hat ni wierklech eng Chance, fir sech zu Metz ze beweisen. Deemno geet hien elo en neien Challenge un.
Nieft dem Tim Hall, deen zanter déck 3 Woche bei Gil Vicente ënner Kontrakt steet, sinn deemno lo d’nächst Saison 2 FLF-Nationalspiller an der héchster Divisioun a Portugal am Asaz.