NFLVirschau op déi nei Spillzäit: En Toppmatch fir de Start vun der Saison

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg gëtt déi nei NFL Saison duerch de Match Buffalo Bills géint Los Angeles Rams lancéiert.
© AFP

Um 2:20 Auer eiser Zäit ass et erëm souwäit, d’Summerpaus an der NFL ass fäerdeg, déi nei Saison geet erëm lass an dat direkt mat engem Spëtzematch. D’Buffalo Bills, ee vun den Haaptfavoritten treffen am SoFi Stadion op den Titelverdeedeger Los Angeles Rams.

De 26 Joer ale Quarterback Josh Allen vun de Buffalo Bills ass Top-Favorit op den MVP-Titel (Most Valuable Player). Lescht Joer konnt sech den Amerikaner schonn déi 2. Plaz hannert dem Aaron Rodgers, dem Superstar vum Rekordmeeschter, Pre-Super-Bowl-Era a Super-Bowl-Era zesummegezielt, de Green Bay Packers sécheren. Grond fir den Erfolleg vum Josh Allen ass ausserdeem och de Receiver Stefon Diggs. Zesummen hu si schonn 18 Touchdowns realiséiert.

Europäesch NFL Fans kënne sech freeën, véier Matcher, an domat zwee méi wéi 2021, ginn 2022 an Europa gespillt. Den 2. Oktober wäerten d’Vikings géint d’Saints am Tottenham Hotspur Stadion zu London spillen. Am nämmlechte Stadion treffen den 9. Oktober d’Giants op d’Packers. En drëtte Match zu London gëtt dann den 30. Oktober am Wembley Stadion vun de Broncos an de Jaguars ausgedroen. Den 13. November spillen dann nach d’Seahawks géint d’Buccaneers an der Allianz Arena zu München.

Fir den Tom Brady soll et dann elo endgülteg déi lescht Saison sinn. De 45 Joer ale Quarterback vun den Tampa Bay Buccaneers hat jo am Februar annoncéiert, dass hien e Stréch ënnert seng Karriär zitt. Ee Mount dono, gouf du bekannt, dass en nach eng weider Saison bei den Buccaneers hannen drunhänkt

D’Favoritten op de Super Bowl

D’Buffalo Bills ziele wuel zum Top-Favorit. Net nëmmen hu si mam Josh Allen en Top-Quarterback. Souwuel bei de Receiver wéi och bei de Running Backs si si ganz gutt opgestallt. Dobäi kennt nach, dass si déi lescht Saison déi bescht Defense haten.

D’Los Angeles Rams kann een als Titelverdeedeger souwisou net ofschreiwen. Et goufen zwar verschidde Wiessel an der Ekipp an de Quarterback Matthew Stafford ass säit enger Zäit blesséiert. Trotzdeem hu si nach ëmmer Top-Spiller wéi den Aaron Donald, de Cooper Kupp an den Jalen Ramsey.

An der Preseason konnten d’Buccaneers mat dräi Néierlagen net iwwerzeegen. Ee Spiller wéi den Tom Brady kann een allerdéngs ni ofschreiwen. Mat de Receiver Mike Evans, Chris Godwin an dem Julio Jones hu si super Uspillstatiounen. Allerdéngs fält de Center Ryan Jensen méintelaang aus.

Bei de Los Angeles Chargers gouf virun allem d’Defense mam Outside Linebacker Khalil Mack a Cornerback J.C. Jackson verstäerkt. Mam Justin Herbert huet een ausserdeem och e staarke Quarterback.

Mam Tyreek Hill hunn d’Kansas City Chiefs e ganz staarke Wide Receiver un d’Dolphins verluer. Mam JuJu Smith-Schuster an dem Marquez Valdes-Scandling huet de Superstar Patrick Mahomes awer nach ëmmer zolidd Uspillstatiounen.

Och d’Green Bay Packers hu mam Devante Adams e Star Receiver verluer. Dofir kënne si awer de Comeback vum Offensive Tackle David Bakhtiari féieren an hu mam Aaron Rodgers nach ëmmer e Star Quarterback.

D’Super-Bowl-Participante Cincinnati Bengals hunn hir Offensive grondleeënd verbessert, wat fir den Top-Quarterback Joe Burrow sécherlech zum Virdeel wäert sinn. Mat Receiveren wéi den Ja’Marr Chase an dem Tee Higgins huet een och zolidd Uspillstatiounen.

Bei de San Francisco 49ers ass et schwéier mam Quarterback Trey Lance eppes virauszesoen. Bei der Ekipp aus Kalifornien gouf et och verschidden Ofgäng, déi sécherlech net zum Virdeel fir d'49ers wäert sinn.

Mam neie Quarterback Russell Wilson kéinten d’Denver Broncos elo fir eng Iwwerraschung suergen. An der leschter Saison si si leschten an der AFC West ginn. Dëst Joer kéint et awer mat de Playoffs klappen.

D’Baltimore Ravens mussen op den Wide Receiver Marquise Browns verzichten, d’Positioun iwwerhëlt de Rashod Bateman. Offensiv si si mat Leit wéi de Mark Andrews an den Isaiah Likely gutt opgestallt.

Back to Top
CIM LOGO