Dino ToppmöllerVum klengen RM Hamm Benfica bei den FC Bayern München

Franky Hippert
An 2 Deeg fänkt fir den Dino Toppmöller en neien Deel a senger Futtball-Karriär un. Den 1. Juli geet et fir hie beim FC Bayern München lass.
© RTL

Beim Toppmöller kann ee soen: Vum klengem RM Hamm Benfica bei ee vun de gréisste Veräiner op der Welt.

Dino Toppmöller beim FCB / Reportage Franky Hippert

Als Spillertrainer huet den Dino Toppmöller seng Karriär als Coach viru 7 Joer beim Club vum Cents ugefaangen. Duerno ass et bei den F91 Diddeleng gaangen. D’Qualifikatioun fir d’Gruppephas vun der Europa League war d’Apotheose. Nom Openthalt an der Provënz zu Virton, war et dunn d’Engagement als Co-Trainer bei RB Leipzig. Mam Cheftrainer Julian Nagelsmann geet et elo bei den däitsche Rekordchampion, dozou den Dino Toppmöller am RTL-Interview: “Ja das ist natürlich erst mal ein riesiger Schritt in 6-7 Jahren vom RM Hamm zum FC Bayern München. Ich werde auch nicht vergessen, dass Luxemburg der eigentliche Start meiner Trainerkarriere war, und die 3 Jahre in Düdelingen ein Booster waren für meinen Weg.”

Enn Abrëll war scho kloer, datt de Julian Nagelsmann den Hansi Flick, deen neie Bundestrainer gëtt, beim FCB ersetzt. Den 33 Joer alen Nagelsmann wollt den Dino Toppmöller och onbedéngt beim däitsche Rekordchampion dobäi hunn: “Zuerst möchte ich dem RB Leipzig meinen Dank aussprechen, dass sie mir die Freigabe geben haben, Julian nach München folgen zu können. Ich arbeite erst ein Jahr mit Julian zusammen, wir haben uns in dieser Zeit aber sehr schätzen gelernt.”

Den Dino, Fils vum Klaus Toppmöller, deen als Trainer 2002 mat Bayer Leverkusen an der Champions-League-Finall war, weess wat op de Julian Nagelsmann a säin Trainerteam op der Säbener Straße duerkënnt: “Die Erwartungshaltung beim FCB ist immer rieseg, dessen sollte man sich vor der Unterschrift bewusst sein. Die Verantwortlichen bei den Bayern sind aber überzeugt, dass Julian das mit seinem Trainerteam schafft, die Erfolge einzufahren, die man beim FCB erwartet.”

Fir de 40 Joer ale Co-Trainer heeschen d’Spiller elo net méi Joubert, Schnell oder Stoltz, mä Neuer, Kimmich a Müller. D’Approche bleift awer ëmmer déi nämmlecht, esou den Dino Toppmöller.

Dino Toppmöller geet bei den FC Bayern - Rep. Frank Hippert

Back to Top
CIM LOGO