
A Russland verléiert Ufa mam Olivier Thill 1:2 zu St. Petersburg. De Lëtzebuerger huet déi ganz 90 Minutte gespillt. Domadder steet Ufa weiderhinn op der 15. an domadder op der 2t leschter Plaz.
Um Samschdeg konnt Waldhof Mannheim déi éischt Plaz an der Tabell verdeedegen, dëst och well de Lëtzebuerger Nationalspiller Maurice Deville ee staarke Match gespillt hat. No engem Selbstgol vum Seegert konnt de Korte 3 mol vir Mannheim markéieren, woubäi de Lëtzebuerger den zweete Gol virbereede konnt. Am der Nospillzäit war Saarbrécken just nach den Uschloss gelongen.
An der Regionalliga Südwest hat den SV Elversberg den FSV Mainz 05 op Besuch. Den Aldin Skenderovic souz bei Elversberg de ganze Match op der Bänk. De Leandro Barreiro Martins stoung an der Startopstellung bei der Bundesliga-Reserve-Ekipp vu Mainz. Hien huet de ganze Match duerchgespillt.
Fir Elversberg huet de Sinan Tekerci an der 48. Minutt den 1-0 geschoss. An der 67. Minutt war et den 2-0 duerch den Kevin Koffi. De Gaetan Krebs konnt an der 85. Minutt souguer nach op 3-0 erhéijen. Domat war de Match entscheet. Mainz huet awer an der 89. Minutt nach duerch den Dominic Peitz den 3:1 markéiert.
Beim 0:0 tëscht Royal Excelsior Virton an dem KFC Dessel stoung den Anthony Moris 90 Minutten am Gol.
An der franséischer Ligue2 stoung de Christopher Martins fir den ES Troyes AC géint LB Châteuroux vun Ufank un um Terrain an huet och duerchgespillt. An der 83. Minutt huet de Kevin Fortune den 1:0 fir Troyes geschoss, nodeems hien eréischt 3 Minutte virdrun agewiesselt gouf.
Troyes steet elo mat 45 Punkten op Plaz 6 an der Tabell vun der Ligue 2.
Am Match tëscht Rodez AF an dem FC Pau stoung de Vincent Thill fir Pau an der Startformatioun. Et sollt kee gudde Match fir Pau ginn, well si verléieren auswäerts mat 2:0. De Vincent Thill krut an der 74. Minutt eng giel Kaart.
