
Am Grupp E huet sech Wales de leschten direkten EM-Ticket geséchert. D’Waliser hu sech am Cardiff City Stadium duerch zwee Goler vum Ramsey d’Qualifikatioun geséchert. De Gnabry huet Däitschland iwwerdeems mat dräi perséinleche Goler déi 1. Tabelleplaz am Grupp C kloer gemaach an eis belsch Noperen hate keng Schwieregkeete mat Zypern.
Bei de Playoffen ugangs vum nächste Joer kënne sech dann nach déi lescht Natioune fir d’Europameeschterschaft qualifizéieren.
Däitschland - Nordirland 6:1
0:1 Smith (7'), 1:1, 3:1, 4:1 Gnabry (19', 47', 60'), 2:1, 5:1 Goretzka (43', 73'), 6:1 Brandt (90'+1)
D’Ekipp vum Trainer Joachim Löw ass zu Frankfurt op Nordirland getraff a wollt mat enger Victoire op Plaz 1 an der Tabell sprangen, fir esou beim EM-Tirage besser dovun ze kommen. Keng 10 Minutte ware gespillt, wéi de Smith d’Weltmeeschter vun 2014 kal ofgeduscht a seng Faarwe mat 1:0 a Féierung bruecht huet. Duerno huet d’"Mannschaft” awer opgedréint an d’Partie um Enn zu hire Gonschten entscheet.
Holland - Estland 5:0
1:0, 3:0. 4:0 Wijnaldum (6', 66', 79'), 2:0 Ake (19'), 5:0 Boadu (87')
D’Hollänner hu sech am Grupp C souverän als 2. hannert Däitschland fir d’Europameeschterschaft d’nächst Joer qualifizéiert. En Dënschdeg hu si Estland mat engem 5:0 keng Chance gelooss.
Wales - Ungarn 2:0
1:0, 2:0 Ramsey (15', 47')
D’Waliser haten en Dënschdegowend géint Ungarn d’EM-Qualifikatioun selwer an der Hand. Géif der Ekipp ronderëm de Ramsey a Bale eng Victoire geléngen, da wier si sécher op der 2. Plaz an der Tabell an hätt domat den Ticket geléist. No enger Véierelsstonn war et dann och de Juve-Spiller, dee fir seng Faarwe markéiere konnt. Nom Säitewiessel huet Wales näischt méi ubrenne gelooss a sech virum eegene Public d’Qualifikatioun geséchert.
Slowakei - Aserbaidschan 2:0
1:0 Bozenik (19'), 2:0 Hamsik (86')
Polen - Slowenien 3:2
1:0 Szymanski (3'), 1:1 Matavz (14'), 2:1 Lewandowski (54'), 2:2 Ilcic (61'), 3:2 Goralski (81')
Polen huet géint Slowenien 3:2 gewonnen a sech als souveränen Tabelleleader d’Qualifikatioun fir d’Euro 2020 geséchert.
Lettland - Éisträich 1:0
1:0 Oss (65')
Och wa Lettland am eegene Stadion 1:0 géint Éisträich gewonnen huet, war dem Gaascht d’Qualifikatioun mat der 2. Plaz am Grupp G net méi ze huelen.
Nordmazedonien - Israel 1:0
1:0 Nikolov (45'+2)
Belsch - Zypern 6:1
0:1 Ioannou (14'), 1:1, 6:1 Benteke (16', 68'), 2:1, 3:1 De Bruyne (36', 42'), 4:1 Carrasco (44'), 5:1 Christoforou - Selbstgol (51')
San Marino - Russland 0:5
0:1 Kuzyayev (3'), 0:2 Petrov (19'), 0:3 Miranchuk (49'), 0:4 Ionov (56'), 0:5 Komlichenko (78')
Schottland - Kasachstan 3:1
0:1 Zaynutdinov (34'), 1:1, 3:1 McGinn (48', 90'+1), 2:1 Naismith (64')