
E Sonndeg den Owend huet sech Italien mat 1:0 géint Wales behaapt a sech domadder déi éischte Plaz am Grupp A geséchert. Wales steet um Enn vun der Gruppephas op der zweeter Plaz an huet et domadder och an d’KO-Phas gepackt.
D’Schwäizer hunn hire leschte Match an der Gruppephas wuel mat 3:1 géint d’Tierkei gewonnen, ma si sinn net iwwert déi drëtte Plaz am Grupp A erauskomm. Dat well Wales e bessert Golverhältnis huet. D’Ekipp vum Petkovic muss elo hoffen, dass se um Enn vun der Gruppephas ënnert déi bescht 4 Drëttplacéiert kënnt, fir un den 1/8-Finallen kënnen deelzehuelen.
Schwäiz - Tierkei 3:1
1:0 Seferovic (6'), 2:0 Shaqiri (26'), 2:1 Irfan Can (62'), 3:1 Shaqiri (68')
D’Schwäiz huet Lächer an der tierkescher Defense an der 1. Hallschent äiskal genotzt an ass duerch Goler vu Seferovic a Shaqiri mat engem 2:0-Virsprong an d’Kabinne gaangen. D’Tierkei hat selwer och déi eng oder aner Chance, ass awer ëmmer nees um Sommer am Schwäizer Gol hänke bliwwen.
No der Paus hu béid Formatiounen de Wee no vir gesicht. Mat engem Sonndesschoss konnt dunn den Ifran Can den Uschloss fir d’Tierkei markéieren, éier kuerz dorops de Shaqiri mat sengem 2. Gol den 2-Goler-Virsprong nees hierstelle konnt. D’Schwäiz gewënnt mat 3:1 géint d’Tierkei a muss elo hoffen, fir ënnert déi bescht 4 Drëttplacéiert ze kommen.
Italien - Wales 1:0
1:0 Pessina (39')
No der 1:0-Victoire géint Wales steet Italien als 1. vun der Grupp A fest. Domat spillt d’Azzurri an der 1/8-Finall géint den Zweete vum Grupp C. Wales ka sech trotz der Néierlag iwwert déi 2. Plaz an der Tabell freeën.
8 Changementer huet den Trainer vun den Italiener Mancini am Verglach zum leschte Match virgeholl, deementspriechend laang huet et am Olympiastadion zu Roum gedauert, bis Italien sech eng éischte Kéier duerch den Toli geféierlech virum Gol vu Wales gewisen huet. Duerch eng flott Fräistoussvariant sinn d’Italiener duerch e Gol vum Pessina mat enger knapper 1:0-Féierung an d’Paus gaangen.
No der rouder Kaart vum Ampadu an de 55. Minutt ass et fir Wales net méi einfach ginn. Italien huet de Match iwwert d’Zäit bruecht a gewënnt mat 1:0 géint Wales. Italien ass iwwerdeems iwwer 1.000 Minutten ouni Géigegol.
