
Well een op positiv Tester muss virbereet sinn, erlaabt d’Uefa 26 amplaz vun 23 Spiller am Kader vun all Ekipp. Ma wat geschitt, wat et e gréisseren Ausbroch gëtt?
Eng Coronainfektioun gëtt am Prinzip ewéi eng Blessur behandelt. Bis zum éischte Match duerfe Spiller nonominéiert ginn. Dat heescht, datt Spuenien a Schweden net mat engem deziméierte Kader untriede mussen.
Sollt et e gréisseren Ausbroch ginn an enger Ekipp, da muss d’Land op d’mannst 13 gesond Profien, mat op d’mannst engem Golkipp, hunn, fir e Match spillen ze dierfen.
Kann eng Ekipp dës Konditioun net erfëllen, gëtt de Match bannent 48 nei ugesat. Kann d’Ekipp dann nach ëmmer net untrieden, verléiert déi Formatioun automatesch mat 0:3.
