
Nieft Lëtzebuerg schloen hei Albanien, Andorra, Armenien, Aserbaidschan, Finnland, Irland, Island, Malta, Moldawien, Montenegro a San Marino op. D’Kapitänin Claudine Schaul huet fir dës Matcher am Billie Jean King Cup d’Marie Weckerle, d’Eléonora Molinaro, d’Laura Palumbo, d’Onalee Wagner an d’Lucie Rabiot nominéiert. Fir d’Onalee Wagner ass et déi éischt Nominatioun an hirer nach jonker Karriär.