
An der Liichtathletik sinn d’Patrizia van der Weken (100 Meter) an de Bob Bertemes (Bommstoussen) schonns sécher fir Paräis qualifizéiert. Fir d’Sprinterin wäerten et déi éischt Olympesch Spiller ginn, iwwerdeems et dem Bob Bertemes seng lescht wäerte ginn. De Bommstousser huet jo ugekënnegt, datt hien no der Saison mam Profisport ophale wäert.

Donieft ass et relativ sécher, datt och de Charel Grethen (1500 Meter) sech qualifizéiere wäert. Normalerweis misst et fir de Lëtzebuerger schonns iwwer de World Ranking duergoen, ma dorop wëll hie sech net verloossen an hien hofft, sech am Mee iwwer d’Zäit sécher eng Plaz zu Paräis ze sécheren.
Donieft ass och fir d’Vera Hoffmann an d’Charline Mathias eng Qualifikatioun nach a Reechwäit, esou de Raymond Conzemius vum COSL.
Am Reiden ass Lëtzebuerg och sécher mat zwee Athlete vertrueden. Allerdéngs sinn dës Plazen net op den Numm, mee op d’Land. Aktuell gesäit et awer esou aus, wéi wann de Victor Bettendorf an den Nicolas Wagner de Grand-Duché zu Paräis vertriede wäerten. Sollt d’Form beim Nicolas Wagner net stëmmen, kéint och d’Fie Skarsoe fir Lëtzebuerg untrieden.
Am Dëschtennis dierft d’Ni Xia Lian sech am Eenzel fir hir sechst Olympesch Spiller qualifizéieren. Hir Participatioun ass wuel nach net ganz sécher, ma hir Weltranglëschtepositioun misst eng Qualifikatioun erméiglechen. Déi mëttlerweil 60 Joer al Athletin hofft awer och, mam Luka Mladenovic am Dubbel Mixte spillen ze kënnen. De gemëschten Dubbel steet aktuell op der 17. Plaz an der Weltranglëscht a spillt en Donneschdeg an e Freideg e Qualifikatiounstournoi fir Olympia. No rezent engem ganz gudde Resultat huet och nach d’Sarah De Nutte och nach d’Chance, fir zu Paräis méiglecherweis dobäi ze sinn.

Am Cyclissem huet Lëtzebuerg zwou Startplaze sécher, eng bei den Hären an eng bei den Dammen. Wéi eng Nimm Lëtzebuerg vertriede wäerten, ass awer nach net gewosst.
Am Triathlon steet enger Participatioun vum Jeanne Lehair näischt méi am Wee, ausser se géif krank ginn, esou de Raymond Conzemius. De Gregor Payet seet aktuell op der éischter Reserveplaz.
Am Fechten kéint sech iwwerdeems de Flavio Giannotte nach fir d’Olympesch Spiller qualifizéieren. Enn Abrëll wäert hie bei engem Qualifikatiounstournoi ëm en Ticket fir Paräis kämpfen.
Mam Ralph Daleiden Ciuferri an dem Rémi Fabiani ginn et nach zwee Schwëmmer, déi eng Qualifikatioun packe kéinten. Si wäerten am Juni alles dru setzen, fir zu Paräis dobäi ze sinn.
