Mat der ALAD ënnerweeWéi leeft eng Anti-Dopping-Kontroll of? Mir ware mat der Kamera dobäi

RTL Lëtzebuerg
D'ALAD huet 2023 knapp iwwer 230 Kontrollen duerchgefouert a kënnt 2024 elo schonn op iwwer 280 Stéck.
Mat der ALAD ënnerwee
Wéi leeft eng Anti-Dopping-Kontroll of? Mir ware mat der Kamera dobäi

Am Joer 2005 gouf d’ALAD vum Sportsministère zesumme mam Lëtzebuergeschen Olympesche Kommitee an d’Liewe geruff an huet sech dem Welt-Anti-Dopping-Kodex ugeschloss. 35 Agente sinn dofir den Ament fir d’ALAD am Asaz.

Mir ware bei enger Doppingkontroll leschte Samschdeg um Lännermatch vun der Handballnationalekipp dobäi a kruten en Abléck an hir Aarbecht an op wat genee si mussen oppassen.

Hinne wier et awer och wichteg, dass si net nëmmen als Kontrollinstanz wouer geholl ginn, mee dass si hir Aarbecht fir de Sportler a seng Gesondheet maachen. Dofir schreiwe si Preventiounsaarbecht och immens grouss a probéieren, esou gutt et geet mat den eenzele Federatiounen hei am Land zesummenzeschaffen.

Hire Fokus géing dobäi den Ament immens um Ekippesport leien. Ass een nämlech als Athlet op héijem Niveau an enger individueller Sportaart ënnerwee, da kënnt et scho mol méi dacks fir, dass een och bei sech Doheem ka kontrolléiert ginn. Elo géinge systematesch an all Sportaarte reegelméisseg Kontrollen duerchgefouert ginn, fir dass e fairen a proppere Sport hei am Land ka garantéiert sinn. A, fir dass d‘Sportler wëssen, u wien si sech kenne wenden, wa si Froe ronderëm Medikamenter oder soss een Uleies hunn.

Back to Top
CIM LOGO