
Dofir mussen awer déi zwee Matcher an den Nations-League-Playoffs am Mäerz gewonne ginn. D’Planunge fir d’EM lafen allerdéngs schonn.
Zanter Dezember ass d’FLF a Kontakt mat den Organisateuren, déi de Verbänn Propose maachen an hinnen ënnert d’Ärem gräifen. D’Sécherheet, wéi och den Transport vun der Ekipp an dem Material, gi vun den Organisateure geréiert. Natierlech muss d’FLF verschidden Ufuerderunge vun der UEFA erfëllen, dat wier awer réischt no der definitiver Qualifikatioun de Fall. De Gros vun der Aarbecht läit elo beim Ausfëlle vun verschidde Formulairen.
Am Fall vun enger Qualifikatioun géingen d’Géigner am Grupp F, Tierkei, Tschechien a Portugal, heeschen. D’Matcher wieren zu Dortmund, Hamburg a Gelsenkirchen. All Nationalekipp huet een Hotel an Däitschland, dee si dann als Stëtzpunkt fir déi ganz EM notzt. Aus Lëtzebuerger Siicht géing et op der Hand leien, d’Basislager am Ruhrgebiet ze hunn. An enger nächster Phas geet et dann drëm, sech op een definitive Stëtzpunkt festzeleeën. Och do krit d’FLF 3 Hotelle vun der UEFA proposéiert.
Donieft ass awer och elo schonn den Ticketing ee grousst Thema. Den offizielle Verkaf vun de Lëtzebuerger Tickete géif den 27. Mäerz, also een Dag no der Finall an den Nations-League-Playoffs, lassgoen. D’FLF kritt 10.000 Billjeeë fir hir Supporter, déi een dann iwwert den UEFA-Site ka kafen. Allerdéngs geréiert déi Lëtzebuerger Futtball Federatioun, u wien d’Tickete ginn.
Fir d’Éischt muss sech d’Ekipp vum Luc Holtz awer an den Nations-League-Playoffs a Georgien duerchsetzen. Duerno misst dann den Duell géint de Gewënner aus dem Match Griechenland-Kasachstan gewonne ginn. Wann dëst net soll geléngen, dann hätt déi Lëtzebuerger Fussball Federatioun awer keen Opwand fir näischt bedriwwen. Am Fall, wou d’Qualifikatioun net géing klappen, hätt d’FLF keng Fraisen ze bezuelen. D’Annulatiounskäschte géinge vun der UEFA iwwerholl ginn.
Wat d’Playoffs ugeet, gëtt et momentan nach ee klengt Fragezeichen hannert dem Danel Sinani. De Profi vum St. Pauli krut jo bekanntlech am leschten EM-Qualifikatiounsmatch a Liechtenstein no 5 Minutten déi rout Kaart gewisen. De 26 Joer alen Nationalspiller gouf doropshi fir zwee Matcher gespaart. Allerdéngs probéiert d’FLF dës Spär nach op een Match ze verkierzen. Virun enger Woch huet déi Lëtzebuerger Fussball Federatioun Appell agereecht. Ufank Februar soll d’Decisioun falen.
D’Playoffs-Matcher an der Nations League ginn de 21. an de 26. Mäerz gespillt. De Lëtzebuerger Optaktmatch op EM wier dann den 18. Juni zu Dortmund géint d’Tierkei. 4 Deeg drop kéim et dann zu Hamburg zum Duell mat Tschechien. De 26. Juni géing d’FLF-Formatioun dann zu Gelsenkirchen géint Portugal spillen.