E Freideg fänken zu Peking déi 24. Olympesch Wanterspiller un. Zanter e puer Deeg ass d’Lëtzebuerger Delegatioun a China. En Donneschdeg goufen et op enger Pressekonferenz Informatiounen, wéi sech déi aktuell Situatioun duerstellt
No Tokio sinn et schonns déi zweeten Olympesch Spiller, déi ënner Corona-Konditioune mussen organiséiert ginn. Déi éischt Kontroll gëtt fir jiddwereen, deen eppes mat den Olympesche Spiller ze dinn huet, schonns um Flughafe gemaach. Dat awer direkt zwee Mol. Eng Kéier am Hals an déi aner Kéier an der Nues. Vum Flughafe geet et dann direkt an de Village, wou jiddwereen op d’Resultat am Zëmmer muss waarden. Dat ka bis zu 12 Stonnen daueren. An där Zäit däerf een net aus dem Zëmmer eraus. Bei der Lëtzebuerger Delegatioun ass bis elo kee positiv. An dat soll dem Chef de Mission Heinz Thews no och esou bleiwen.
Mir sinn extrem Virsiichteg an halen eis un all d’Reegelen. Mir hu permanent d’Mask un, och dobaussen. Just bei iessen däerf ee se ausdoen. Mir halen Distanz a maachen och keng grouss Versammlungen. Beim Iessen ass et esou, datt mir d’Plexiglashauwen hei hunn. Et ass och méi streng wéi zu Tokio. Et däerf een net vis-à-vis setzen, just nach niewenteneen.
Trainingsméiglechkeete sinn dem Heinz Thews no fir déi zwee Lëtzebuerger Vertrieder extrem gutt.
D’Géigend hei hat déi leschte 6 Woche ganz stabil Temperaturen tëscht minus 3 a minus 10 Grad. Mir wëssen, datt et hei ganz seele schneit. Et sinn zwar puer Flacke gefall, mä dat wat op de Piste läit ass Konschtschnéi. Deen ass eng Kéier gemaach ginn an do brauch ee bei dësen Temperature just e bëssen nozebesseren.
Extrem strikt Corona-Reegele fir d’Sportler. Verletzung vu Mënscherechter a keng Pressefräiheet. Mir wollte wëssen, wéi d’Leit doriwwer denken, dass elo Olympesch Wanterspiller a China sinn.